Zum Hauptinhalt springen

CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

NEWS

alles waat et sou iwert de Club Neies ze erzielen gëtt ...

Interclub-Tournoi den 12. September

Desen Samsden organiseiern mir fir all ais Equipen een klengen Tournoi...

An gemeschten Equipen kann sou jiddfereen matspillen an leiert den Club an dei vill nei Lait besser kennen. Ufank ass um 11 Auer an der rouder Haal. Fiir iessen an drenken ass gesuergt!

Dest durch eng grandios leeschtung vun eisen zwou equipen zu Welwerwoltz.

Weiterlesen … Interclub-Tournoi den 12. September

1. Testmatch

CHEV Diekrech rennt bis op Burgbrohl

Den Donneschden Owend hun Volleyballer vun Dikrech sech op den Wee gemach fir an Daitschland een Testmatch ze spillen. Gespillt gouf zu Burgbrohl, eng knapp Stonn vun Dikrech weg... An enger klenger Haal hun sie sech dunn pünktlech um 8 auer waarm gemach fir hieren Match geint Oberligaequipe vun der SpVgg Burgbrohl.

Weiterlesen … 1. Testmatch

Nei Spillerinnen

Erfahrung fir d’CHEV Dammen

Éischten Neivirstellung ass d’Eve HULSBOSCH. Hatt ass op der GYM vun Bouneweg (sou kann een et nennen) „ausgemustert“ ginn an waert lo d’Positioun vum Mëttelblock anhuelen. D’Eve HULSBOSCH koum an hart emkämpften Championnats-Finalen mat der GYM zum Asatz an bréngt esou Erfahrung mat op Dikkrech. „Ënnert aanerem duerch séng Nationaldivisioun-Erfahrung ass d’Eve ouni Zweifel eng Verstaerkung fir eis Equipe“, sou den Trainer Chris LAEVAERT.

Weiterlesen … Nei Spillerinnen

Transferen

Nei Spiller, 1. Equipe:

Och fir des Saison wëllen mir iech kurz eis puer nei Gesichter virstellen, déi dem CHEV Dikkrech et erlaaben sollen d‘Saison 2009/2010 positiv iwwert d‘Bühn ze bréngen.

 

Von Mendig nach Luxemburg

Ufänken wëllen mir domadder mat eisem neien Spillertrainer, dem Gunnar MONSCHAUER. Den Passeur deen vun Mendig komm as, as gewëllt, dës Saison aus den Dikkrecher Jongen eng Equipe ze formen, „mat daer een den Play-Off ereeschen kann“, sou den neien däitschen Trainer Monschauer. Den 37 Joër jonken Trainer kann duerch séng laang Spillerfahrung an séng Art a Weis Volleyball ze spillen, d’CHEV‘en mat Sëcherheet wäit virunbréngen. Sympathësch, kompetent an als vollbluut Volleyballer kann een den neien CHEF vun Dikkrech an kuerzen Wierder beschreiwen.

(en flotten Artikel iwwer den Gunnar Monschauer aus enger lokaler däitscher Dageszeitung fannt Dir och ënnert der Rubrik NEWS)

 

Weiterlesen … Transferen

Weitere Beiträge …

logo osch     logo mayer logo diekirch