Nei Spillerinnen
Erfahrung fir d’CHEV Dammen
Éischten Neivirstellung ass d’Eve HULSBOSCH. Hatt ass op der GYM vun Bouneweg (sou kann een et nennen) „ausgemustert“ ginn an waert lo d’Positioun vum Mëttelblock anhuelen. D’Eve HULSBOSCH koum an hart emkämpften Championnats-Finalen mat der GYM zum Asatz an bréngt esou Erfahrung mat op Dikkrech. „Ënnert aanerem duerch séng Nationaldivisioun-Erfahrung ass d’Eve ouni Zweifel eng Verstaerkung fir eis Equipe“, sou den Trainer Chris LAEVAERT.
No enger Paus vun enger dosen Joëren huet Karien REINIG nees Loscht op Volleyball kritt. Fir di nei Saison huet hatt beim CHEV ënnerschriwwen. Op déi gebierteg Hollännerin laascht dann och eng kleng Hoffnung; den Chris Laevaert: „Mat sénger Gréisst waert et hoffentlech daer eng oder aaner Attaquante mam Block Kappzerbrieches bereeden.“
Den Sprong an d‘1. Équipe huet d’Marthe LORANG gepackt. Hatt huet et zum Schluss vun der Saison (nodeems et well puer mol bei den 1. Dammen schnupperen konnt) fäerdeg bruecht, an den Juniorinnen-Nationalkader beruff ze ginn. Vum Marthe LORANG erhofft den Trainer sëch weiderhin deen Trainingsfläiss an mengt: „Wann et weider esou progresséiert, dann waerten mer sëcher an Zukunft nach vill Freed un him hunn.“