
Den Tournoi fënnt dëst Joer vum 03.07.2026 - 05.07.2026 hannert der Sportshal zu Dikrech um Beachterrain statt. Diekirch Plage.
Mir leeë Freides ab 18:00 Auer mat engem Corporate Tournoi lass, wou mir ons op ee flotte, sportlechen Afterwork freeën. Hei kennen sech verschidde Beruffsgruppen op engem sportlechen Niveau an engem 4x4 mixed moossen a kucke, wien déi bescht Volleyballskills huet. Mellt heifir är Entreprise/Equipe un.
Bei dësem Turnéier steet de Spaass am Virdergrond.
Beim Corporate Beach läit de Präis fir d'Umeldung fir den All-Inklusive Package (dozou zielt d' Umeldung, souwéi 5x 20€ Bonge fir d'Consommaboun fir d'Spiller) bei 200€. Ouni dëse Package kascht d' Umeldung 100€ pro Equipe.
Um Samschde sinn dann all Equipe invitéiert fir sech unzemellen. Dir kennt Iech ab 11:00 Auer entweder an engem 2x2 mixed oder 4x4 géint aner Equipe moossen. Mellt Iech mat ärem Beachpartner an äre Frënn un a kämpt Iech erop bis op de Podium, wou flott Präisser op Iech waarde wäerten.
Mir hu fir onsen Tournoi um Samschden (04.07.2026) 2 Umeldungsphasen. Déi éischt geet vun haut bis den 25ten Juni 2026. Hei kënnt dir är Equipe zu engem Präis vu 70€ am 2x2 mixed an 80€ am 4x4 umellen, a bei all ugemellten Equipe ass am Präis och ee Consommabounsbong vun 20€ mat dran.
Ab dem 27ten Juni 2026 sinn d’Umeldungen da fir de selwechte Präis, mee ouni Consommabounsbong vun 20€.
E Sonndeg hu mir ab 15:00 Auer eng flott Offer fir eis Volleybegeeschtert oder dei dei et nach wellen ginn: een Volleyball Schnupperdaag. Kommt laanscht, fir ee flotten Daag mat Volleyball spillen ze verbrengen.
Wärend den 3 Deeg vun onsem Turnéier kennt dir Iech niewent dem Terrain entweder un onser Cocktailbar mat leckere Cocktailen erfrëschen, oder naberlech och vun onsem frësch gezaapten Dikrecher Béier profitéieren.
Fir är Energie um héchsten Niveau ze hale, wäerte mir de ganze Weekend iwwer grillen a fir d‘Vegetarier Zaloten ubidden.
Fir d’ Umeldung vun ärer Equipe brauche mir ären Equippenumm, den Numm vun ärem Kapitän, fir wéi eng Competitioun (Corporate, 2x2,4x4, Youth-tournoi U13/U15/U17) a fir wéi een Dag (03.07/04.07/05.07) dir Iech umellt.
Dir kennt ab elo är Equipe mat enger Mail un:
Mellt Iech un a freet Iech mat ons op ee flotte Summerweekend um an och nieft dem Beachterrain.
|
Heimadder wëlle mir 2 nei Sponsoren an eiser CHEV-Famill wëllkomm heeschen. Mir soen ee grousse Merci fir ären Support an äert Vertrauen an den CHEV-Volleyball. |
|
![]() |
![]() |
Restaurant Aal Eechternoach38, Moartplatz |
ZEBRA Home2, rue Hiel |

A Präsenz vum Sportminister Georges Mischo an dem Sportschäffen vun der Dikrecher Gemeng José Lopes haten sech Flvb an Vertrieder vun de Vereiner Rv zu Dikrech gin fir die 63ten AG vun der Flvb ofzehalen. Dobei sin interessant Sujet'en abordéiert gin an op deen engem an aanere Punkt kontrovers diskutéiert gin.

Den Tirage vun der 1/8 Final vun der Coupe de Luxembourg huet den Dikrecher Damen Walfer an eisen Hären Stroossen als Géigner bruecht.

Um 22h konnt den Vin d'honneur vun eis servéiert gin.
Grousse Merci un eis Gemeng fir d'mise à disposition vum Festsall!

Nodeems den 1. an 2. Saz ganz knapp un déi Wëlzer Damme gaange sinn, sinn eis Dammen am 3. Saz waakreg ginn. Si lounge laang kloer fir, fir de Saz dann awer ganz knapp mat 27-25 ze wannen. Sou hunn si awer déi néideg Confiance gewonne fir de 4. a 5. Saz ganz kloer fir sech ze entscheeden. Iwwert bal 150 Minutten hunn si sech hier 2 Punkten an der Tabell verdéngt erkämpft.
Bravo Meedecher, weider sou!💪💙💛


Nodeems ee wärend der Woch nach huet misse baangen em d'Spillberechtegungen vun Abreu, Garcia a Loyola, konnt eis Härenequipe finalement dach a kompletter Garnitur oplafen.
Mat enger kollektiver Equipeleeschtung hu si de Match géint Fenteng, ee vun den Kandidaten op Play-off Ticket'en, zu all Moment kontrolléiert a souverän 3-0 gewonnen. Den Trainer konnt soumat och de jonken Nowuesstalenter Marechal, Clees a Michotte wäertvoll Spillpraxis ginn.
Hei e puer Andréck vum Match. (E grousse Merci un de Marc Goedert fir d'Fotoen)
Chev Diekirch - Fenteng 3-0
25-18;25-21;25-13
Bravo an Félicitatiounen un ons Hären vum Chev 👏
💙💛

Zefridde Gesiichter bei eisen Hären 2 an 3.
De Samschden hu Reserve Equippe vum Chev op engem Préparatiounstournoi zu Amber Lënster deel geholl.
Fir verschidde Jonge war et déi 1. Kéier dat si um Terrain stoungen.Trotzdeem hunn si awer eng gutt Figur gemaach a kommen op eng 4. Platz vu 7 woubäi Rang 3 ganz knapp verpasst ginn ass.
Flotten Tournoi an enger gudder Ambiance wou jiddereen ze spille krut.
Weider esou Jongen. 💙💛

Och eis jonk Dammenequipe huet sech den Dag no den Hären op engem Tournoi getest.
Virun allem am Ufank ass nach net Alles riicht gelaf a soumat konnt di virleschte Platz net vermeit ginn. Mee bis Saison ass jo nach bëssen Zeit.
Keep on rocking ladies ! 💙💛

Läscht Chance fir zesummen een flotten Beachvolleyweekend ze feieren. ☀️🌴🏐😎
Aktuell sinn folgend Equipen ugemeld :
| Corporate (28.06.2024) | Loisir 2x2 (29.06.2024) | Loisir 4x4 (29.06.2024) |
| Equipe | Equipe | Equipe |
| Banque de Luxembourg | Broken Backs | 4 Stonnen Velo Grooljen |
| Banque Raiffeisen 1 | Chaos | 5 Liter Bidon Schweess |
| Banque Raiffeisen 2 | Di zwee Verletzten | Altwies |
| Berufspompjeeën | Karma + Pit | Baggermeister |
| CFL 1 | Les Indestructibles | Equinox |
| CFL 2 | Mäin Lieblingsteam | Hommes C |
| EIB Volleyball Club | On met la patate | JGV Joao à grande Vitesse |
| Equinox | Team Spirit | La fourchette |
| LALUX | Les boulets | |
| Ortea | Onryōs | |
| S-Volley | Ouni Ulaaf | |
| Poco Locas | ||
| Police Piddeleng | ||
| Rsantos | ||
| Sand an der Fuer | ||
| Sauce Andalouse |

Obwuel d‘Wieder fir des Zeit net zum Beschten wor hunn trotzdeem 110 Leit d'Invitatioun vum Chev Dikrech Volleyball fir de Conveniat am Kader vum 55ten Anniversaire ugeholl.
Nom Aperitif konnten eis aktuell wéi fréier Memberen sech un engem gudde Maufel erfreeën an iwwert déi " gutt al Zäiten" schwätzen. D‘Ambiance war excellent a vill waren immens frou d' Volleyballkolleegen vun deemools rëmzegesinn. Besonnesch frou war de Comité dat och vill Leit vun der 1. Stonn komm waren, dovun esouguer een deen extra aus der Schwäiz ugereest war. Héich hiergaang ass et beim Chev Volleyquiz wou déi verschidden Equippe gewisen hunn dat de sportlechen Éiergäiz nach ëmmer präsent ass.
Alles an allem wor et ee gemittlechen an animéierten Owend fir eis all. Schéin ze gesinn dat Chev Häerz nach ëmmer schléit bei sou Muenchen.
Hei fannt dir e puer Andréck vun deem flotten Owend.
De Comité bedankt sech fir ären Besuch. Auf ein Neues😊. ![]()
![]()
Grousse Merci och un d'Gemeng fir hir Ënnerstëtzung a Flexibilitéit.
De Comité vum Chev
Mir leen Freides ab 18:00 Auer mat engem Corporate Tournoi lass, wou mir ons op een flotten sportlechen Afterwork freeën. Hei kennen sech verschidden Beruffsgruppen op engem sportlechen Niveau an engem 4x4 mixed moossen an kucken wien déi bescht Volleyballskills huet. Mellt heifir är Entreprise/Equipe un. Bei dësem Turnéier steet den Spaass am Virdergrond.
Beim Corporate Beach lait den Präis fir d'Umellung fir den All-Inklusive Package (dozou zielt d'Umellung souwei 5x 20€ Bongen fir d'Consommatioun fir d'Spiller) bei 200€.Ouni desen Package kascht d'Umellung 100€ pro Equipe.



Dëse Sonnden trieden eis Hären an der 1. Playoff-Halleffinall um 18h00 zu Bartreng un, also kommt alleguer eis Männer ënnerstëtze fir dass si eng perfekten Ausgankssituatioun fir den nächste Weekend Doheem hunn!
Eis Dame stinn dëse Sonndeg och um Terrain, si kämpfen um 18h00 zu Dikrech em wichteg Punkten am Playdown géint den V80 Péiteng.

An der Coupe Véierelsfinall spillen eis Damen haut um 16h30 beim CS GYM Volley ier dann eis Hären um 19h00 den Escher VBC empfänkt.🔵🟡⚪️

De Weekend waren och eis Jugendequippen aktiv. Zu Dikrech an der Hal gouf ee Minimmestournoi ënnert dem Covid-Check Regime ofgehalen. Nieft enger gudder Ambiance an der Hal souwéi an der Buvette konnten eis Minimmes zwee vun hiren 3 Matcher fir sech entscheede konnten. Ausserdeem gewannen eis Cadets mat 3:0 doheem géint Iechternach.🔵🟡⚪















