Skip to main content

CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

Transferen

Nei Spiller, 1. Equipe:

Och fir des Saison wëllen mir iech kurz eis puer nei Gesichter virstellen, déi dem CHEV Dikkrech et erlaaben sollen d‘Saison 2009/2010 positiv iwwert d‘Bühn ze bréngen.

 

Von Mendig nach Luxemburg

Ufänken wëllen mir domadder mat eisem neien Spillertrainer, dem Gunnar MONSCHAUER. Den Passeur deen vun Mendig komm as, as gewëllt, dës Saison aus den Dikkrecher Jongen eng Equipe ze formen, „mat daer een den Play-Off ereeschen kann“, sou den neien däitschen Trainer Monschauer. Den 37 Joër jonken Trainer kann duerch séng laang Spillerfahrung an séng Art a Weis Volleyball ze spillen, d’CHEV‘en mat Sëcherheet wäit virunbréngen. Sympathësch, kompetent an als vollbluut Volleyballer kann een den neien CHEF vun Dikkrech an kuerzen Wierder beschreiwen.

(en flotten Artikel iwwer den Gunnar Monschauer aus enger lokaler däitscher Dageszeitung fannt Dir och ënnert der Rubrik NEWS)

 

Dikrech kroopt sech Passeurstalent

Den éischten Spiller deen mir Iech wëllen firstellen, ass wéi den Trainer géif soën nëmmen „’n Kopf grösser als’n Dackel“. Den Max MAJERUS wiesselt vum Volley 80 Péiténg bei den CHEV. Hien gëllt well laang als jonkt Passeurs-Talent, an probéiert lo mat der Hëllef vum Gunnar Monschauer sëch zu Dikkrech ze établéieren. Zu Dikkrech erhofft hien sëch duerch vill Spillpraxis säin Kënnen ënner Beweis ze stellen an der Equipe weiderzehëllefen. Den Max Majerus: „Den Wiessel as firun allem zu Staanen komm well ech mech wëll weiderentwéckelen an well ech der Meenung sin datt ech dat zu Dikkrech an enger Equipe mat vill Potenzial kann erreeschen. Dobäi setzen ech grouss Erwaardungen an den Spiller-Trainer Monschauer, deen mer den richtegen Wee schon weisen waert!

Zu den Zieler huet heen folgendes gesoot: “Perséinlech wëll ech mech virun allem mol weider verbesseren, ech wëll besser gin! Wat d’Equipe betrëfft, sou wëll ech et secher mat daer bis an d’Haleffinal vum Championnat packen.“

 

REIFFERS zouversiichtlech

Den Dan REIFFERS, een aalbekanntenen Volleyballsverréckten, deen och well säin Wee vum Traditionsveräin Luerentzweiler bis an d‘Belsch fonnt haat, huet séng Ping-Pongsraquette un d‘Mauer geneelt fir beim CHEV Dikkrech rëm mat Volleyball unzefänken. D’Situatioun gesäit hien am Moment esou: ”Top, kann net kloen; ech wëll firun allem mat Spaass spillen. Den ganzen Recht ergëtt sech dann vum selwen.“ Un Eiergeiz an Motivatioun feelt et dem Eislécker nët an sou waert och hien säin Wee am neien Veräin machen.

 

GILBERTS back in town

Och een verluerend Kand huet säin Wee rëm zréck bei den CHEV Dikkrech fonnt. Et handelt sëch hei ëm den 1,96 groussen Andy GILBERTS. Nodeems hien lo 1 Saison gepaust haat fir sech ëm séng Famill ze këmmeren, sicht hien d‘Herrausfuerderung nees. Duerch séng technësch Méiglegkeeten an firun allem sénger Blockstaerkt, ass hien ouni Zweifel eng grouss Verstärkung fir d’Brauereistädter. „Ech probéieren mech an deem starken Dikkrecher Kader duerchzesetzen fir och un Spillzäit ze kommen.“, gett hien sëch kämpferesch. Niewt dem Volleyball stellt den Mëttelblocker sech an noër Zukunft nach enger aanerer Herausforderung: „Ech gin an engem Mount Papp!“, sou een stolzen an glécklechen Andy Gilberts.

 

HOFFMANN will’s wissen

Roland HOFFMANN heescht deen wuel bekanntesten Transfer „op nationaler Ebene“ fir Dikkrech. Als joërenlaangen Kapitän vum erfollegräichen Club VC Strassen, probéiert hien mat sénger Erfaarung den Spillfloss ze stabiliséieren. Hien gëllt als „universellen“ Spiller. Dees läscht koum hien awer firun allem op der Mëttelblock Positioun zum Asaatz. Vue que datt well méi laang fest stoung datt den „Roll“ géng beim VC Stroossen ophaalen, huet den Management vum CHEV sech beméit den Ex-Nationalspiller fir sech ze gewannen. Den Roland Hoffmann: „ Lo wees ech datt et richteg war nach op mannst eng Saison drun ze hänken! Dikkrech war en gudden Choix, einfach Charakteren an en ambitionéierten Trainer hun mir d‘Integration einfach gemach.“ Zu séngen Zieler wosst hien folgendes ze soën: „Perséinlech wëll ech et an „six-de-base“ packen an mat der Equipe an d‘Halleffinal vum Championnat kommen.“ Spaass an déi néideg Seriositéit, sou beschreiwt hien säin Erfollegsrezept.

 

Serdecznie witamy Leszek

Leszek KUROWSKI heescht een weideren Neizougang beim CHEV Dikkrech. Den Spiller deen zesummen mam Trainer Monschauer vum VC Mendig kënnt, waert dëst Joer fir den Dikkrecher Volleyball fir Punkten suergen. Den Lénkshänner kann duerch séng Technik an séng Spillerfahrung (Polen an Däitschland) der Equipe mat Sëcherheet weiderhëllefen. Den Diagonal-Spiller wärt probéieren sëch optimal an d‘Equipe ze integréieren an alles dofir machen déi nei Saison optimal op een Enn ze bréngen. Och mir vun CHEV-Direkt wëllen hien offiziel bei eis begréissen an wënschen him alles guddes op séngem Wee duerch d‘Lëtzebuerger Championnat.

 

Domadder kann een sëch op eng flott Saison, mat villen neien Gesiichter freen. CHEV-Direkt wënscht der 1. Equipe vill Gléck fir déi nei Saison an as iwwerzeegt um Enn iwwert en positivt Resultat berichten ze kënnen.

Bis dohin…

BA & TL

CHEV-Direkt

logo osch     logo mayer logo diekirch