1. Testmatch
CHEV Diekrech rennt bis op Burgbrohl
Den Donneschden Owend hun Volleyballer vun Dikrech sech op den Wee gemach fir an Daitschland een Testmatch ze spillen. Gespillt gouf zu Burgbrohl, eng knapp Stonn vun Dikrech weg... An enger klenger Haal hun sie sech dunn pünktlech um 8 auer waarm gemach fir hieren Match geint Oberligaequipe vun der SpVgg Burgbrohl.
Weinst dem langen Wee hun Spiller vun Dikrech bessi gebrauch bis den Motor an rullen komm ass. Den Ufank war nach zimlech hektesch mee lues an lues huet een gemierkt dat Spiller mei secher gin sin. Duerch eng ordentlech Receps konnt den Spillertrainer Gunnar Monschauer Bäll schein verdeelen an seng Attaquanten optimal fraispillen. Den zweeten Saatz gouf dunn duerchroteiert an den Majerus Max huet lo an der Pass iwerholl. Och desen Saatz goung un Brauereisstad, och wann et zum Schluss nach eemol bessi mei knapp war. Den dretten Saatz gouf dunn mat der selwechter Opstellung wei am eischten ugefongen an schnell huet een gemierkt dat hei naischt mei geif unbrennen. Ee Gewenner vum véierten Saatz gouf leider net mei ermettelt well sprechwierdleg ais "Luuten ausgaang sin".
Obwuel nach secher net alles geklappt huet, war et awer eng positiv Erfahrung. Den neidegen Rhythmus probeiert d'eischt Equipe vun den Männer sech lo op engem Tournoi zu Quierschied ze huelen, fir dei neideg Confiance ze kreien fir hieren eischten Championnatsmatch geint Peiteng.
Et steet nach vill Arbescht um Programm fir sech optimal virzebereeden op Championnat mee am Moment mierkt een dat Männer um richtegen Wee sin...