Skip to main content

CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

Schedule OCTOBER24

Tournoi AL H2 H3

Zefridde Gesiichter bei eisen Hären 2 an 3.

De Samschden hu Reserve Equippe vum Chev op engem Préparatiounstournoi zu Amber Lënster deel geholl.

Fir verschidde Jonge war et déi 1. Kéier dat si um Terrain stoungen.Trotzdeem hunn si awer eng gutt Figur gemaach a kommen op eng 4. Platz vu 7 woubäi Rang 3 ganz knapp verpasst ginn ass.

Flotten Tournoi an enger gudder Ambiance wou jiddereen ze spille krut.

Weider esou Jongen. 💙💛

AL D2

Och eis jonk Dammenequipe huet sech den Dag no den Hären op engem Tournoi getest.

Virun allem am Ufank ass nach net Alles riicht gelaf a soumat konnt di virleschte Platz net vermeit ginn. Mee bis Saison ass jo nach bëssen Zeit.

Keep on rocking ladies ! 💙💛

Conveniat Gruppephoto

Obwuel d‘Wieder fir des Zeit net zum Beschten wor hunn trotzdeem 110 Leit d'Invitatioun vum Chev Dikrech Volleyball fir de Conveniat am Kader vum 55ten Anniversaire ugeholl.

Nom Aperitif konnten eis aktuell wéi fréier Memberen sech un engem gudde Maufel erfreeën an iwwert déi " gutt al Zäiten" schwätzen. D‘Ambiance war excellent a vill waren immens frou d' Volleyballkolleegen vun deemools rëmzegesinn. Besonnesch frou war de Comité dat och vill Leit vun der 1. Stonn komm waren, dovun esouguer een deen extra aus der Schwäiz ugereest war. Héich hiergaang ass et beim Chev Volleyquiz wou déi verschidden Equippe gewisen hunn dat de sportlechen Éiergäiz nach ëmmer präsent ass.

Alles an allem wor et ee gemittlechen an animéierten Owend fir eis all. Schéin ze gesinn dat Chev Häerz nach ëmmer schléit bei sou Muenchen.

Hei fannt dir e puer Andréck vun deem flotten Owend.

 

De Comité bedankt sech fir ären Besuch. Auf ein Neues😊. Blue heartyellow heart

Grousse Merci och un d'Gemeng fir hir Ënnerstëtzung a Flexibilitéit.

 

De Comité vum Chev

 

Den Tournoi fënnt dëst Joer vum 28.06.2024 - 29.06.2024 hannert der Sportshall zu Dikrech um Beachterrain statt.

Mir leen Freides ab 18:00 Auer mat engem Corporate Tournoi lass, wou mir ons op een flotten sportlechen Afterwork freeën. Hei kennen sech verschidden Beruffsgruppen op engem sportlechen Niveau an engem 4x4 mixed moossen an kucken wien déi bescht Volleyballskills huet. Mellt heifir är Entreprise/Equipe un. Bei dësem Turnéier steet den Spaass am Virdergrond.
Beim Corporate Beach lait den Präis fir d'Umellung fir den All-Inklusive Package (dozou zielt d'Umellung souwei 5x 20€ Bongen fir d'Consommatioun fir d'Spiller) bei 200€.Ouni desen Package kascht d'Umellung 100€ pro Equipe.
 
Um Samschden sinn dann all Equipe invitéiert fir sech unzemellen. Dir kennt Iech ab 11:00 Auer entweder an engem 2x2 mixed oder 4x4 géint aner Equipe moossen. Mellt Iech mat ärem Beachpartner an ären Frënn un an kämpft Iech erop bis op den Podium, wou flott Präiser op Iech waarden wäerten.
 
Mir hunn fir onsen Tournoi um Samschden (29.06.2024) 2 Umeldungsphasen. Dei éischt geet vun haut bis den 15. Juni. Hei kennt dir är Equipe zu engem Präis vun 60€ umellen. Nom 15. Juni sinn d’Umeldungen dann zum vollen Präis vun 70€. Bei all ugemellten Equipe ass am Präis och een Consommatiounsbong vun 20€ mat dran.
 
Wärend den 2 Deeg vun onsem Turnéier kennt dir Iech niewent dem Terrain entweder un onser Cocktailbar mat leckeren Cocktaile erfrëschen oder natierlech och vun onsem frësch gezaapten Dikrecher Béier profitéieren.
 Fir är Energie um héchsten Niveau ze halen wäerten mir den ganzen Weekend iwwer grillen an fir d‘Vegetarier Zaloten ubidden.
 
Fir d’Unmellung vun ärer Equipe brauchen mir ären Equipenumm, den Numm vun ärem Capitain, fir weieng Compétioun (Corporate, 2x2,4x4) an fir wéieen Daag (28.06/29.06) dir Iech umellt.
Dir kennt ab elo är Equipe mat enger Mail un: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein. umellen an är Startplazen secheren andem dir den Montant op onsen Compte: LU46 0099 7800 0077 6625 iwerwéist.
 
Mellt Iech un an freet Iech mat ons op een flotten Summerweekend um an och nieft dem Beachterrain .
 
434754198 967897828669365 9114115823111654053 n
 
Dëst war bei den Hären d'U20 Men SCA Championships an bei den Damen d'SCA Junior Women Championships.
Allebéid Equippen hunn an hiren Turnéieren jeeweils déi éischt Platz erreecht👌
Mir sinn ganz houfereg dat souwuel bei den Hären 4 Spiller (Vincenzo Nadalini, Nicolas T'Joen, David Felber, Ryan Matilde Da Luz) wei och bei den Damen 3 jonk Spillerinnen (Marie Schaack, Chloé Bieux, Lou-Anne Fischbach) aus eisen eegenen Reien am Asaz waren.
Dëst weist ons datt mir mat onser Jugendaarbecht um richtegen Wee sinn an dat déi och hir Friichten dréit. Als Club ass eis et ganz wichteg ons eegen Spiller auszebilden, fir déi och spéider souvill wei méiglech an onsen éischten Equipe asetzen ze kennen .
Mir felicitéieren onsen jonken Talenter fir den Erfolleg, den sie an den Nationalequipe erreecht hunn!
Super Aarbecht an maacht weider esou!💪
 
278573777 4876448209121682 3196354881900560847 n
278380768 4876450102454826 7782031190508763604 n
 
 
logo osch logo axa   logo mayer logo diekirch