Zum Hauptinhalt springen

CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

Aschreiwungen a Programm Nordstad Beachdays 2026

 WhatsApp Image 2025 05 06 at 21.24.02

Den Tournoi fënnt dëst Joer vum 03.07.2026 - 05.07.2026 hannert der Sportshal zu Dikrech um Beachterrain statt.
Mir leeë Freides ab 18:00 Auer mat engem Corporate Tournoi lass, wou mir ons op ee flotte, sportlechen Afterwork freeën. Hei kennen sech verschidde Beruffsgruppen op engem sportlechen Niveau an engem 4x4 mixed moossen a kucke, wien déi bescht Volleyballskills huet. Mellt heifir är Entreprise/Equipe un.
Bei dësem Turnéier steet de Spaass am Virdergrond.
Beim Corporate Beach läit de Präis fir d'Umeldung fir den All-Inklusive Package (dozou zielt d' Umeldung, souwéi 5x 20€ Bonge fir d'Consommaboun fir d'Spiller) bei 200€. Ouni dëse Package kascht d' Umeldung 100€ pro Equipe.

Um Samschde sinn dann all Equipe invitéiert fir sech unzemellen. Dir kennt Iech ab 11:00 Auer entweder an engem 2x2 mixed oder 4x4 géint aner Equipe moossen. Mellt Iech mat ärem Beachpartner an äre Frënn un a kämpt Iech erop bis op de Podium, wou flott Präisser op Iech waarde wäerten.
Mir hu fir onsen Tournoi um Samschden (04.07.2026) 2 Umeldungsphasen. Déi éischt geet vun haut bis den 25ten Juni 2026. Hei kënnt dir är Equipe zu engem Präis vu 70€ am 2x2 mixed an 80€ am 4x4 umellen, a bei all ugemellten Equipe ass am Präis och ee Consommabounsbong vun 20€ mat dran.
Ab dem 26ten Juni 2026 sinn d’Umeldungen da fir de selwechte Präis, mee ouni Consommabounsbong vun 20€.

E Sonndeg hu mir ab 11:00 Auer eng flott Offer fir eis jonk Volleybegeeschtert: een Tournoi am 4x4 mixed an de Kategorien U13/U15 an U17. Mellt Iech mat ärem Veräin oder äre Frënn un, fir ee flotten Challenge ënner Gläichaltregen ze spillen.
Fir eise Youth-Tournoi vun e Sonndeg (05.07.2026) ass d'Startgeld 70€. Bei all ugemellten Equipe ass am Präis och ee Consommabounsbong vun 20€ mat dran.
De läschten Ternin, fir sech op engem vun den 3 Deeg unzemellen ass den 2te Juli 2026 um 23.59 Auer !

Wärend den 3 Deeg vun onsem Turnéier kennt dir Iech niewent dem Terrain entweder un onser Cocktailbar mat leckere Cocktailen erfrëschen, oder naberlech och vun onsem frësch gezaapten Dikrecher Béier profitéieren.
Fir är Energie um héchsten Niveau ze hale, wäerte mir de ganze Weekend iwwer grillen a fir d‘Vegetarier Zaloten ubidden.
Fir d’ Umeldung vun ärer Equipe brauche mir ären Equippenumm, den Numm vun ärem Kapitän, fir wéi eng Competitioun (Corporate, 2x2,4x4, Youth-tournoi U13/U15/U17) a fir wéi een Dag (03.07/04.07/05.07) dir Iech umellt.
Dir kennt ab elo är Equipe mat enger Mail un:Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein. umellen, an är Startplazen sécheren, andeem dir de Montant op onse Compte: Raiffeisen LU46 0099 78000077 6625 iwwerweist.
Mellt Iech un a freet Iech mat ons op ee flotte Summerweekend um an och nieft dem Beachterrain.

Wellkomn un eis nei Sponsoren

 Heimadder wëlle mir 2 nei Sponsoren an eiser CHEV-Famill wëllkomm heeschen. 

Mir soen ee grousse Merci fir ären Support an äert Vertrauen an den CHEV-Volleyball.
Op eng Erfollegräich Saison.


9AEECA99BF9A486DBADBD571D10C3A69 Logo Zebra Home White
Restaurant Aal Eechternoach

38, Moartplatz
L-6460 Eechternoach

https://www.aaleechternoach.lu/

ZEBRA Home

2, rue Hiel
L-6212 Consdorf

 https://www.zebra-home.lu/

Generalversammlung vun der FLVB zu Dikkrich

WhatsApp Image 2025 07 03 at 11.52.30

A Präsenz vum Sportminister Georges Mischo an dem Sportschäffen vun der Dikrecher Gemeng José Lopes haten sech Flvb an Vertrieder vun de Vereiner Rv zu Dikrech gin fir die 63ten AG vun der Flvb ofzehalen. Dobei sin interessant Sujet'en abordéiert gin an op deen engem an aanere Punkt kontrovers diskutéiert gin.

WhatsApp Image 2025 07 03 at 11.52.25

Den Tirage vun der 1/8 Final vun der Coupe de Luxembourg huet den Dikrecher Damen Walfer an eisen Hären Stroossen als Géigner bruecht.

WhatsApp Image 2025 07 03 at 12.29.52

Um 22h konnt den Vin d'honneur vun eis servéiert gin.


Grousse Merci un eis Gemeng fir d'mise à disposition vum Festsall!

 

 

 

 

Stäerke Start vun eisen Damen an d'Championnat 💙💛

WhatsApp Image 2024 10 13 at 18.56.13

Nodeems den 1. an 2. Saz ganz knapp un déi Wëlzer Damme gaange sinn, sinn eis Dammen am 3. Saz waakreg ginn. Si lounge laang kloer fir, fir de Saz dann awer ganz knapp mat 27-25 ze wannen. Sou hunn si awer déi néideg Confiance gewonne fir de 4. a 5. Saz ganz kloer fir sech ze entscheeden. Iwwert bal 150 Minutten hunn si sech hier 2 Punkten an der Tabell verdéngt erkämpft.

Bravo Meedecher, weider sou!💪💙💛

WhatsApp Image 2024 10 13 at 18.56.20

Perfekte Start an d'Championnat vun eisen Hären 1 💙💛

DSC 0976definitif FILEminimizer

Nodeems ee wärend der Woch nach huet misse baangen em d'Spillberechtegungen vun Abreu, Garcia a Loyola, konnt eis Härenequipe finalement dach a kompletter Garnitur oplafen.

Mat enger kollektiver Equipeleeschtung hu si de Match géint Fenteng, ee vun den Kandidaten op Play-off Ticket'en, zu all Moment kontrolléiert a souverän 3-0 gewonnen. Den Trainer konnt soumat och de jonken Nowuesstalenter Marechal, Clees a Michotte wäertvoll Spillpraxis ginn.

Hei e puer Andréck vum Match. (E grousse Merci un de Marc Goedert fir d'Fotoen)

Chev Diekirch - Fenteng 3-0
25-18;25-21;25-13

Bravo an Félicitatiounen un ons Hären vum Chev 👏
💙💛


Matcher vum 26.01.2026 bis den 01.02.2026

Läscht Woch Nächst Woch
31.01
10:00
U15 Filles 2

CHEV Diekirch 1

Volley Bartreng 1

SAMS Live Ticker
Hall Omnisports Diekirch (Terrain Central)
31.01
15:00
U15 Garçons

VC Fentange 1

CHEV Diekirch 1

SAMS Live Ticker
Centre Sportif "Holleschbierg" Hesperange (Terrain Central)
31.01
16:30
U17 Filles 2

VC Mamer 1

CHEV Diekirch 1

SAMS Live Ticker
Hall Sportif "Nicolas Frantz" Mamer (Terrain Central)
31.01
19:00
Division I Damen

CHEV Diekirch 1

CS GYM Volley 2

SAMS Live Ticker
Lycée classique de Diekirch (Terrain Central du Hall Omnisports)
31.01
20:00
Division I Herren

V80 Pétange 1

CHEV Diekirch 2

SAMS Live Ticker
Centre Sportif Bim Diederich Pétange (Terrain Central)
01.02
10:00
U13 mixte 2

CHEV Diekirch 1

VC Stroossen 2

SAMS Live Ticker
Hall Omnisports Diekirch (Terrain Central)
01.02
12:00
Division III Herren

CHEV Diekirch 3

VB Echternach 3

SAMS Live Ticker
Hall Omnisports Diekirch (Terrain Central)
01.02
14:00
Division III Damen Poule B

CHEV Diekirch 2

VC Mamer 3

SAMS Live Ticker
Hall Omnisports Diekirch (Terrain Central)
01.02
18:30
MIXVOIP League Men

CHEV Diekirch 1

VC Stroossen 1

SAMS Live Ticker
Hall Omnisports Diekirch (Terrain Central)


Data provided by   
module developed by      
last update 23.01.2026 12:53.
logo osch     logo mayer logo diekirch