De Réckbléck ob de letzte Weekend:
Fënneften Spilldag:
De Réckbléck ob de letzte Weekend
Eis Dame wannen am Spëtzematch 3:1 (14:25, 25:20, 28:26, 25:19) géint d'GYM wärend eis Hären den Escher an engem enke Match 3:1 (27:29, 26:28, 25:23, 22:25) ënnerlee sinn.
Domadder bleiwen eis Damen 3 Spilldeeg viru Schluss ongeschloen ob der éischter Platz a sinn domadder well bal sécher an de Playoffs. Eis Häre rutschen duerch hier Néierlag ob déi fënnefte Platz of, Punktgläich mam Véierten aus Fenteng.
Et ass erëm souwäit!
De Ball beweegt sech rëm!
Nodeems déi éischten Damen- an Härenequipe well des Woch rëm trainéiert hunn, sollen och d'Trainingen am Jugendberäich nees ulafen. Dat ganzt natierlech mat Respekt viru sämtleche Coronamesuren.
Den drëtten Spilldag steet virun der Dier.
Kids Camp vum Chev Diekirch Volleyball
Dest Joer organiséiert den Chev Diekirch Volleyball die 1. Kéier sein Kids Camp fir Kanner tescht 6 an 15 Joer.
Jeweils Moies vun 9h30-11h30 vum 17.8-28.8.2020 kréien die interesséiert an sportbegeeschtert Kanner op den 3 Dikrecher Beach Terrains hannert der Schwemm d‘ABC vum Volley erklärt vum Chev sengem neien professionnellen Trainerduo Agostina an Tomas Galimberti.
Fir Umellung oder all weider Info könnt dir iech iwert den 661 85 93 53 oder op
CU on the beach.
Chev Diekirch Volleyball