Skip to main content
CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

header chev welcome

Déi nei Saison steet virun der Dier!🔵🟡⚪

Haut fänkt souwuel bei den Damen wei och bei den Hären d'Saison 2021-2022 an der Novotel League un. Des Saison ass Corona bedéngt erëm eng speziell, dowéinst gëllt fir all Spiller an Offiziellen de COVID-Check Regime. Fir d'Zuschauer (300 max.) gëllen dann och speziell Reegelen.
1. Méiglechkeet:
✅Masken sinn fir all d'Zuschauer obligatoresch
✅Zwechend den Setzplatzen mussen 2 Meter Ofstand agehalen ginn
✅Ausser et ass een Haushalt oder et sinn maximal 4 Persounen
❎Buvette bleift zou
2. Méiglechkeet:
✅All Zuschauer muss säin COVID-Check virweisen
✅Keng Maskeflicht
✅Keng Ofstandsreegelen
✅Buvette kann opmaachen
Matcher vum Samschdeg:
👩18h30 - VC Fentingen vs CHEV Diekirch
👨20h30 - VC Fentingen vs CHEV Diekirch
 
CHEV Equipefoto Damen 21 22 1024x682
CHEV Equipefoto Härren 21 22 1024x715
 
 

BEACTIVE Dag zu Michelau

Dëse Samschdeg ass de CHEV zu Michelau um BEACTIVE Dag vun der Nordstadjugend dobäi a suergt fir Spaass um Beachvolleyballterrain. Kommt bis laanscht!🔵🟡⚪

 Traininge sinn Dënschdes vun 18h00 bis 19h30 an der Pyramid an Donneschdes vun 18h30 bis 20h00 an der Grondschoul.

 

 

Schnupperdays den 12.09.2021

Nom grousser Erfolleg vun eisen éischten zwee Schnupperdays, kritt der lo nach eng kéier d'Chance virun der Rentrée Iech am Volleyball ze probéieren.

Reservatioun iwwer Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein., maacht Iech bäi!

 

Schnupperdays 1 800x449

Schnupperdays 2 800x450

 

 

Grillen beim Cactus

Hutt och Dir Loscht ob eppes Guddes vum Grill? Dann kommt bei de Grillmeeschter vum CHEV laanscht!
Déi nächst zwee Weekender, Freides vun 9 bis 20 Auer a Samschdes vun 9 bis 18 Auer virum Cactus zu Angelduerf.🔵🟡⚪
 
IMG 20210721 WA0000
 
 

Schnupperdays fir Kanner

Sidd och Dir oder Äert Kand sportbegeeschtert a wëllt eng nei Sportaart ausprobéieren? Dann ass lo de Moment komm! D'Schnupperdays vum CHEV Dikrech sti virun der Dier!🔵🟡⚪

 

Screenshot 20210710 123214 Word

Screenshot 20210710 123241 Word

 

Déi letzt Matcher si gespillt:

👩Match em déi drëtte Platz:
🔵CHEV vs CS GYM Volley - 0:3 (15:25, 21:25, 24:26)
 
👨Playdown:
🟡CHEV vs VC Belair - 3:1 (20:25, 25:16, 25:22, 25:19)
⚪Volley Bartreng vs CHEV - 3:0 (25:27, 24:26, 23:25)
 
Een weideren Merci geet un eis Sponsoren: LDW Dentaire, Peinture Putz, Boissons Clausse, Garage Grasges Diekirch, renovatioun.lu, EWA Fiduciaire S.A., Home Project S.A. an Nordenergie S.A.
 
IMG 20210502 WA0003
IMG 20210502 WA0008

IMG 20210502 WA0004
IMG 20210502 WA0007
 
 

De Weekend stinn déi nächst Matcher virun der Dier

Match em déi drëtte Platz:

👩08.05. - 15h00 - CHEV Diekirch vs CS GYM Volley

Playdown:

👨09.05. - 15h00 - CHEV vs VC Belair

Ee weidere Merci geet un eis Sponsoren: Caves Berna, BIL, Immo Ansay, Carrelages Dino De Cecco an Bières Diekirch.

 

IMG 20210502 WA0009

 

 

Haut ass den nächste Spilldag am Playdown bei den Hären:

👨16h00 - VB Echternach vs CHEV Diekirch

Ee grousse Merci geet iwwerdeems un eis Sponsoren déi eis des Saison ënnerstëtzt hunn. Den éischte Merci geet un B Immobilier - Bingen & Associés.

 

IMG 20210502 WA0001

 

 

logo osch logo axa   logo mayer logo diekirch