Aschreiwungen a Programm Nordstad Beachdays 2026

Den Tournoi fënnt dëst Joer vum 03.07.2026 - 05.07.2026 hannert der Sportshal zu Dikrech um Beachterrain statt.
Mir leeë Freides ab 18:00 Auer mat engem Corporate Tournoi lass, wou mir ons op ee flotte, sportlechen Afterwork freeën. Hei kennen sech verschidde Beruffsgruppen op engem sportlechen Niveau an engem 4x4 mixed moossen a kucke, wien déi bescht Volleyballskills huet. Mellt heifir är Entreprise/Equipe un.
Bei dësem Turnéier steet de Spaass am Virdergrond.
Beim Corporate Beach läit de Präis fir d'Umeldung fir den All-Inklusive Package (dozou zielt d' Umeldung, souwéi 5x 20€ Bonge fir d'Consommaboun fir d'Spiller) bei 200€. Ouni dëse Package kascht d' Umeldung 100€ pro Equipe.
Um Samschde sinn dann all Equipe invitéiert fir sech unzemellen. Dir kennt Iech ab 11:00 Auer entweder an engem 2x2 mixed oder 4x4 géint aner Equipe moossen. Mellt Iech mat ärem Beachpartner an äre Frënn un a kämpt Iech erop bis op de Podium, wou flott Präisser op Iech waarde wäerten.
Mir hu fir onsen Tournoi um Samschden (04.07.2026) 2 Umeldungsphasen. Déi éischt geet vun haut bis den 25ten Juni 2026. Hei kënnt dir är Equipe zu engem Präis vu 70€ am 2x2 mixed an 80€ am 4x4 umellen, a bei all ugemellten Equipe ass am Präis och ee Consommabounsbong vun 20€ mat dran.
Ab dem 26ten Juni 2026 sinn d’Umeldungen da fir de selwechte Präis, mee ouni Consommabounsbong vun 20€.
E Sonndeg hu mir ab 11:00 Auer eng flott Offer fir eis jonk Volleybegeeschtert: een Tournoi am 4x4 mixed an de Kategorien U13/U15 an U17. Mellt Iech mat ärem Veräin oder äre Frënn un, fir ee flotten Challenge ënner Gläichaltregen ze spillen.
Fir eise Youth-Tournoi vun e Sonndeg (05.07.2026) ass d'Startgeld 70€. Bei all ugemellten Equipe ass am Präis och ee Consommabounsbong vun 20€ mat dran.
De läschten Ternin, fir sech op engem vun den 3 Deeg unzemellen ass den 2te Juli 2026 um 23.59 Auer !
Wärend den 3 Deeg vun onsem Turnéier kennt dir Iech niewent dem Terrain entweder un onser Cocktailbar mat leckere Cocktailen erfrëschen, oder naberlech och vun onsem frësch gezaapten Dikrecher Béier profitéieren.
Fir är Energie um héchsten Niveau ze hale, wäerte mir de ganze Weekend iwwer grillen a fir d‘Vegetarier Zaloten ubidden.
Fir d’ Umeldung vun ärer Equipe brauche mir ären Equippenumm, den Numm vun ärem Kapitän, fir wéi eng Competitioun (Corporate, 2x2,4x4, Youth-tournoi U13/U15/U17) a fir wéi een Dag (03.07/04.07/05.07) dir Iech umellt.
Dir kennt ab elo är Equipe mat enger Mail un:
Mellt Iech un a freet Iech mat ons op ee flotte Summerweekend um an och nieft dem Beachterrain.



