Heimadder wëlle mir 2 nei Sponsoren an eiser CHEV-Famill wëllkomm heeschen. Mir soen ee grousse Merci fir ären Support an äert Vertrauen an den CHEV-Volleyball. |
|
![]() |
![]() |
Restaurant Aal Eechternoach38, Moartplatz |
ZEBRA Home2, rue Hiel |
A Präsenz vum Sportminister Georges Mischo an dem Sportschäffen vun der Dikrecher Gemeng José Lopes haten sech Flvb an Vertrieder vun de Vereiner Rv zu Dikrech gin fir die 63ten AG vun der Flvb ofzehalen. Dobei sin interessant Sujet'en abordéiert gin an op deen engem an aanere Punkt kontrovers diskutéiert gin.
Den Tirage vun der 1/8 Final vun der Coupe de Luxembourg huet den Dikrecher Damen Walfer an eisen Hären Stroossen als Géigner bruecht.
Um 22h konnt den Vin d'honneur vun eis servéiert gin.
Grousse Merci un eis Gemeng fir d'mise à disposition vum Festsall!
Den Tournoi fënnt dëst Joer vum 04.07.2025 - 06.07.2025 hannert der Sportshall zu Dikrech um Beachterrain statt.
Mir leeë Freides ab 18:00 Auer mat engem Corporate Tournoi lass, wou mir ons op een flotten sportlechen Afterwork freeën. Hei kennen sech verschidden Beruffsgruppen op engem sportlechen Niveau an engem 4x4 mixed moossen an kucken wien déi bescht Volleyballskills huet. Mellt heifir är Entreprise/Equipe un. Bei dësem Turnéier steet den Spaass am Virdergrond.
Beim Corporate Beach lait den Präis fir d'Umellung fir den All-Inklusive Package (dozou zielt d'Umellung souwei 5x 20€ Bongen fir d'Consommatioun fir d'Spiller) bei 200€.Ouni desen Package kascht d'Umellung 100€ pro Equipe.
Um Samschden sinn dann all Equipe invitéiert fir sech unzemellen. Dir kennt Iech ab 11:00 Auer entweder an engem 2x2 mixed oder 4x4 géint aner Equipe moossen. Mellt Iech mat ärem Beachpartner an ären Frënn un an kämpft Iech erop bis op den Podium, wou flott Präiser op Iech waarden wäerten.
Mir hunn fir onsen Tournoi um Samschden (05.07.2025) 2 Umeldungsphasen. Dei éischt geet vun haut bis den 25ten Juni 2025. Hei kennt dir är Equipe zu engem Präis vun 70€ am 2x2 mixed an 80€ am 4x4 umellen an bei all ugemellten Equipe ass am Präis och een Consommatiounsbong vun 20€ mat dran. Ab dem 26ten Juni 2025 sinn d’Umeldungen dann fir de selwëschte Präis, mee ouni Consommatiounsbong vun 20€.
E Sondeg hu mir ab 11:00 Auer eng flott Offer fir eis jonk Volleybegeeschtert, een Tournoi am 4x4 mixed an de Kategorien U13/U15 an U17.Mellt Iech mat ärem Veräin oder ären Frënn un fir ee flotten Challenge ënner gläichaltregen ze hunn.
Fir eisen Youth-tournoi vun e Sondeg (06.07.2025) ass d'Startgeld 70€. Bei all ugemellten Equipe ass am Präis och een Consommatiounsbong vun 20€ mat dran.
Den läschten Ternin fir sech op engem vun den 3 Deeg unzemellen ass den 2ten Juli 2025 um 23.59 Auer !
Wärend den 3 Deeg vun onsem Turnéier kennt dir Iech niewent dem Terrain entweder un onser Cocktailbar mat leckeren Cocktaile erfrëschen oder natierlech och vun onsem frësch gezaapten Dikrecher Béier profitéieren.
Fir är Energie um héchsten Niveau ze halen wäerten mir den ganzen Weekend iwwer grillen an fir d‘Vegetarier Zaloten ubidden.
Fir d’Unmellung vun ärer Equipe brauchen mir ären Equipenumm, den Numm vun ärem Capitain, fir weieng Compétioun (Corporate, 2x2,4x4, Youth-tournoi U13/U15/U17) an fir wéieen Daag (04.07/05.07/06.07) dir Iech umellt.
Dir kennt ab elo är Equipe mat enger Mail un:
Mellt Iech un an freet Iech mat ons op een flotten Summerweekend um an och nieft dem Beachterrain .
Nodeems den 1. an 2. Saz ganz knapp un déi Wëlzer Damme gaange sinn, sinn eis Dammen am 3. Saz waakreg ginn. Si lounge laang kloer fir, fir de Saz dann awer ganz knapp mat 27-25 ze wannen. Sou hunn si awer déi néideg Confiance gewonne fir de 4. a 5. Saz ganz kloer fir sech ze entscheeden. Iwwert bal 150 Minutten hunn si sech hier 2 Punkten an der Tabell verdéngt erkämpft.
Bravo Meedecher, weider sou!💪💙💛
Nodeems ee wärend der Woch nach huet misse baangen em d'Spillberechtegungen vun Abreu, Garcia a Loyola, konnt eis Härenequipe finalement dach a kompletter Garnitur oplafen.
Mat enger kollektiver Equipeleeschtung hu si de Match géint Fenteng, ee vun den Kandidaten op Play-off Ticket'en, zu all Moment kontrolléiert a souverän 3-0 gewonnen. Den Trainer konnt soumat och de jonken Nowuesstalenter Marechal, Clees a Michotte wäertvoll Spillpraxis ginn.
Hei e puer Andréck vum Match. (E grousse Merci un de Marc Goedert fir d'Fotoen)
Chev Diekirch - Fenteng 3-0
25-18;25-21;25-13
Bravo an Félicitatiounen un ons Hären vum Chev 👏
💙💛
Matcher vum 13.10.2025 bis den 19.10.2025
Läscht Woch Nächst Woch
18.10
00:00 Division I Damen |
![]() CHEV Diekirch 1 |
![]() V80 Pétange 1 |
SAMS Live Ticker Lycée classique de Diekirch (Terrain Central du Hall Omnisports) |
18.10
15:30 U17 Filles 2 |
![]() VC Fentange 2 |
![]() CHEV Diekirch 1 |
FLVB Scoresheet SAMS Live Ticker 3:0 ( 25:20 25:23 25:17 ) |
19.10
11:00 Division I Herren |
![]() VC Stroossen 2 |
![]() CHEV Diekirch 2 |
FLVB Scoresheet SAMS Live Ticker 1:3 ( 25:18 23:25 18:25 20:25 ) |
19.10
15:00 U15 Filles 2 |
![]() CHEV Diekirch 1 |
![]() VC Stroossen 2 |
FLVB Scoresheet SAMS Live Ticker 3:2 ( 23:25 25:13 22:25 25:20 15:11 ) |
19.10
19:00 MIXVOIP League Men |
![]() CHEV Diekirch 1 |
![]() Escher VBC 1 |
FLVB Scoresheet SAMS Live Ticker 3:0 ( 25:16 25:16 25:18 ) |
Data provided by


module developed by


last update 22.10.2025 08:01.