Fënneften Spilldag:

alles waat et sou iwert de Club Neies ze erzielen gëtt ...
Eis Dame wannen am Spëtzematch 3:1 (14:25, 25:20, 28:26, 25:19) géint d'GYM wärend eis Hären den Escher an engem enke Match 3:1 (27:29, 26:28, 25:23, 22:25) ënnerlee sinn.
Domadder bleiwen eis Damen 3 Spilldeeg viru Schluss ongeschloen ob der éischter Platz a sinn domadder well bal sécher an de Playoffs. Eis Häre rutschen duerch hier Néierlag ob déi fënnefte Platz of, Punktgläich mam Véierten aus Fenteng.
Nodeems déi éischten Damen- an Härenequipe well des Woch rëm trainéiert hunn, sollen och d'Trainingen am Jugendberäich nees ulafen. Dat ganzt natierlech mat Respekt viru sämtleche Coronamesuren.