Skip to main content
CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

NEWS

alles waat et sou iwert de Club Neies ze erzielen gëtt ...

De Réckbléck ob de letzte Weekend:

Eis Dame si Walfer no engem héichklassegem Volleyballmatch mat 3:1 ënnerlee, weisen awer dass si um héchsten Niveau mathale kennen a maachen Hoffnung fir d'Playoffs. Eis Häre waren dem Tabelleleader Stroossen mat 3:0 ënnerlee, eng Playoffplatz ass allerdéngs nëmmen 2 Punkte wech, dofir heescht et weider kämpfen!🔵🟡
 
DSC09059 1024x682
 
 

Fënneften Spilldag:

Den zweete Spilldag no der Reprise triede souwuel eis Damë wei och eis Hären ee Samschden Auswäerts un. Beit Matcher gi vun den Heemequippen (RSR Walfer a VC Strassen) ob Facebook iwwerdroen.🔵🟡
 
👩18h00 - RSR Walfer vs CHEV Diekirch
👨19h30 - VC Strassen vs CHEV Diekirch
 
 normal 20201010 171450 SL NLH VBE CHEV 021
 
 

De Réckbléck ob de letzte Weekend

Eis Dame wannen am Spëtzematch 3:1 (14:25, 25:20, 28:26, 25:19) géint d'GYM wärend eis Hären den Escher an engem enke Match 3:1 (27:29, 26:28, 25:23, 22:25) ënnerlee sinn.

Domadder bleiwen eis Damen 3 Spilldeeg viru Schluss ongeschloen ob der éischter Platz a sinn domadder well bal sécher an de Playoffs. Eis Häre rutschen duerch hier Néierlag ob déi fënnefte Platz of, Punktgläich mam Véierten aus Fenteng.

IMG 20210301 WA0011

 

Et ass erëm souwäit!

Dëse Sonde gëtt de Championnat an der Novotel Ligue erëm opgeholl. Dat ganzt allerdéngs ouni Zuschauer an nëmme mat engem negative Coronatest bei all Spiller, Trainer an Offiziellen. Fir dat jiddereen trotzdeem eis Matcher ka verfollegen, wäerte souwuel d'Dame wei och d'Häre Live vun eis hei ob Facebook iwwerdroe ginn:
 
👩 14h00 - CHEV Diekirch vs CS Gym Volley
👨‍🦰 17h00 - CHEV Diekirch vs Escher VBC
 
Wien de Club wärend de Covidzäite wéilt ënnerstëtzen, kéint dëst mat engem klengen Don un eise Kont (Raiffeisen LU46 0099 7800 0077 6625) maachen.
 
Hären 20 21
 
 
logo osch logo axa   logo mayer logo diekirch