alles waat et sou iwert de Club Neies ze erzielen gëtt ...
D'Playoffs stinn virun der Dier!🔵🟡⚪
👩Playoff Halleffinall:
17.04. - 19h30 - VC Mamer vs CHEV Diekirch
👨Playdown:
17.04. - 19h00 - VC Belair vs CHEV Diekirch
Ee Samschde steet dee letzte Spilldag virun der Dier:
👨19h00 - VC Fentange vs CHEV Diekirch
Eis Damen hunn dëse Weekend Spillfräi an eis Häre spillen hire letzte Match virum Play-Down.🔵🟡⚪
D'Resultater vum Weekend:
V80 Pétange vs CHEV Diekirch
0:3 (21:25, 10:25, 27:29)
VC Lorentzweiler vs CHEV Diekirch
3:2 (25:15, 25:22, 24:26, 25:27, 15:12)
Trotz der souveräner Victoire bleiwen eis Damen ob der drëtter Platz a kennen sech lo ob d'Playoffs preparéieren. Eis Häre weise Kampfgeescht a si Luerenzweiler um Enn knapp am Tie-Break ënnerlee an hunn domadder keng Chance méi ob d'Playoffs.
Première am Lëtzebuerger Volleyball:
Ab dësem Weekend kennen all d'Matcher an der Novotel League vun den Dame wei och vun den Häre Live an der neier Live Arena gekuckt ginn. D'Live Arena fannt dir ënnert RTL.lu an ob Post TV um Kanal 93, deen ab Muer disponibel ass!