Skip to main content
CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

header chev welcome

Kommt an ënnerteneen eis éischt Equippen dëse Samschdeg:

👩17h00 - CHEV Diekirch vs VC Steinfort
👨19h30 - CHEV Diekirch vs VC Belair
🔵🟡⚪
 
normal 2102o21VBFENTINGENDIEKIRCH3
 
 

Haut ass den nächste Spilldag vun eisen éischten Equippen:

👩19h00 - RSR Walfer vs CHEV Diekirch

👨19h30 - VC Strassen vs CHEV Diekirch

🔵🟡⚪

 

normal File300 DxO DxO

 

 

Dëse Sonnde start een neit Volleyballjoer an do däerf dir natierlech net feelen:🔵🟡⚪

👩17h30 - CHEV Diekirch vs VC Mamer
👨20h00 - CHEV Diekirch vs VC Lorentzweiler
😷Duerch dat neit Covidgesetz kennt et dann och zu ee puer Changementer. D'Matcher lafe fir Spiller wei och Zuschauer ënnert dem 2G+. De Selbsttest geet bei eis an der Hall gemaach, dir kennt entweder ee vun doheem matbréngen oder ee bei eis fir 5 Euro kafen.
 
normal 2102o21VBFENTINGENDIEKIRCH1
 
 

Dikrecher Jugend am Asaz

De Weekend waren och eis Jugendequippen aktiv. Zu Dikrech an der Hal gouf ee Minimmestournoi ënnert dem Covid-Check Regime ofgehalen. Nieft enger gudder Ambiance an der Hal souwéi an der Buvette konnten eis Minimmes zwee vun hiren 3 Matcher fir sech entscheede konnten. Ausserdeem gewannen eis Cadets mat 3:0 doheem géint Iechternach.🔵🟡⚪

 

IMG 20211205 WA0008

IMG 20211205 WA0000

IMG 20211205 WA0012

 

 

De 6ten Spilldag steet virun der Dier:

👨17h30 - CHEV Diekirch vs Volley Bartreng
👩20h00 - CHEV Diekirch vs Volley Bartreng
Kommt an ënnerstëtzt eis Equippen!🔵🟡⚪
 
normal 2102021VBHERRENFENTANGEDIEKIRCH7
 
 

De véierte Spilldag um Sonndeg:

👩17h30 - CHEV Diekirch vs RSR Walfer
👨19h30 - CHEV Diekirch vs VC Strassen
Ausserdeem stelle mir iech Haut zwee weider Spiller fir.🔵🟡⚪
 
Ech sinn de Marcin Wielogórski, hunn 24 Joer an hunn 2008 beim polnesche Veräin UKS PLAS Warszawa mam Volleyball ugefaangen. Ech si virun dëser Saison ob Dikrech gewiesselt an mäin Ziel ass et fir mat dësem Veräin lëtzebuergesche Champion ze ginn.
IMG-20210928-WA0007.jpg
 
Ech sinn de Vincenzo Nadalini, hunn 17 Joer an hunn 2013 an der dikrecher Jugend mam Volleyball ugefaangen. Ech hunn all d'Jugendequippen duerchlaaf a spillen elo eicht an zweet Equipe. Ech hunn mer fir des Saison virgeholl mech bei all Méiglechkeet iwwert meng Knéien opzereegen.
IMG-20210928-WA0006.jpg
 
 

Den drëtte Spilldag:

👩19h30 - VC Mamer vs CHEV Diekirch
👨19h30 - VC Lorenzweiler vs CHEV Diekirch
Des weidere presentéieren sech haut d'Yascha an den Giulio vun eiser éischter Damen- an eiser éischter Härenequipe.🔵🟡⚪
Ech sinn d'Yascha Wagner, hunn 26 Joer an hunn 2008 zu Dikrech mam Volleyball ugefaangen. 2010 sinn ech an de Kader vun der éischter Equipe komm an hunn da vun 2015 bis 2017 eng Paus gemaach wéinst der Uni. Säit 2017 spillen ech rëm aktiv Volleyball a säit 2019 och erëm an der éischter Equipe. Mäin Haaptfokus läit dëst Joer dobäi, eis jonk Talenter ze fërderen an ech gesinn eis Chance gutt, des Saison ob enger fënnefter oder sechster Platz offzeschlëissen.
IMG-20210927-WA0012.jpg
Ech sinn den Giulio Nadalini, hunn 18 Joer an hunn 2012 zu Dikrech mam Volleyball ugefaangen. Ech hunn sämtlech Jugendequippen duerchlaaf a sinn säit 2019 an der éischter Equipe. Mäin Ziel fir des Saison ass et, einfach Spaass ze hunn.
IMG-20210927-WA0026.jpg
 
 

Den zweete Spilldag steet virun der Dier:

👨17h30 - CHEV Diekirch vs Escher VBC
👩20h00 - CHEV Diekirch vs CS GYM Volley
 
Béid Matcher falen ënnert de Covid-Regime, kommt an ënnerstëtzt eis! Dir kennt och ee Schnelltest matbréngen an ob der Platz maachen oder ee vun eis gestallt kréien.🔵🟡⚪
 
 
logo osch logo axa   logo mayer logo diekirch