Skip to main content
CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

NEWS

alles waat et sou iwert de Club Neies ze erzielen gëtt ...

De véierte Spilldag um Sonndeg:

👩17h30 - CHEV Diekirch vs RSR Walfer
👨19h30 - CHEV Diekirch vs VC Strassen
Ausserdeem stelle mir iech Haut zwee weider Spiller fir.🔵🟡⚪
 
Ech sinn de Marcin Wielogórski, hunn 24 Joer an hunn 2008 beim polnesche Veräin UKS PLAS Warszawa mam Volleyball ugefaangen. Ech si virun dëser Saison ob Dikrech gewiesselt an mäin Ziel ass et fir mat dësem Veräin lëtzebuergesche Champion ze ginn.
IMG-20210928-WA0007.jpg
 
Ech sinn de Vincenzo Nadalini, hunn 17 Joer an hunn 2013 an der dikrecher Jugend mam Volleyball ugefaangen. Ech hunn all d'Jugendequippen duerchlaaf a spillen elo eicht an zweet Equipe. Ech hunn mer fir des Saison virgeholl mech bei all Méiglechkeet iwwert meng Knéien opzereegen.
IMG-20210928-WA0006.jpg
 
 

Den drëtte Spilldag:

👩19h30 - VC Mamer vs CHEV Diekirch
👨19h30 - VC Lorenzweiler vs CHEV Diekirch
Des weidere presentéieren sech haut d'Yascha an den Giulio vun eiser éischter Damen- an eiser éischter Härenequipe.🔵🟡⚪
Ech sinn d'Yascha Wagner, hunn 26 Joer an hunn 2008 zu Dikrech mam Volleyball ugefaangen. 2010 sinn ech an de Kader vun der éischter Equipe komm an hunn da vun 2015 bis 2017 eng Paus gemaach wéinst der Uni. Säit 2017 spillen ech rëm aktiv Volleyball a säit 2019 och erëm an der éischter Equipe. Mäin Haaptfokus läit dëst Joer dobäi, eis jonk Talenter ze fërderen an ech gesinn eis Chance gutt, des Saison ob enger fënnefter oder sechster Platz offzeschlëissen.
IMG-20210927-WA0012.jpg
Ech sinn den Giulio Nadalini, hunn 18 Joer an hunn 2012 zu Dikrech mam Volleyball ugefaangen. Ech hunn sämtlech Jugendequippen duerchlaaf a sinn säit 2019 an der éischter Equipe. Mäin Ziel fir des Saison ass et, einfach Spaass ze hunn.
IMG-20210927-WA0026.jpg
 
 

Den zweete Spilldag steet virun der Dier:

👨17h30 - CHEV Diekirch vs Escher VBC
👩20h00 - CHEV Diekirch vs CS GYM Volley
 
Béid Matcher falen ënnert de Covid-Regime, kommt an ënnerstëtzt eis! Dir kennt och ee Schnelltest matbréngen an ob der Platz maachen oder ee vun eis gestallt kréien.🔵🟡⚪
 
 

Déi nei Saison steet virun der Dier!🔵🟡⚪

Haut fänkt souwuel bei den Damen wei och bei den Hären d'Saison 2021-2022 an der Novotel League un. Des Saison ass Corona bedéngt erëm eng speziell, dowéinst gëllt fir all Spiller an Offiziellen de COVID-Check Regime. Fir d'Zuschauer (300 max.) gëllen dann och speziell Reegelen.
1. Méiglechkeet:
✅Masken sinn fir all d'Zuschauer obligatoresch
✅Zwechend den Setzplatzen mussen 2 Meter Ofstand agehalen ginn
✅Ausser et ass een Haushalt oder et sinn maximal 4 Persounen
❎Buvette bleift zou
2. Méiglechkeet:
✅All Zuschauer muss säin COVID-Check virweisen
✅Keng Maskeflicht
✅Keng Ofstandsreegelen
✅Buvette kann opmaachen
Matcher vum Samschdeg:
👩18h30 - VC Fentingen vs CHEV Diekirch
👨20h30 - VC Fentingen vs CHEV Diekirch
 
CHEV Equipefoto Damen 21 22 1024x682
CHEV Equipefoto Härren 21 22 1024x715
 
 
logo osch logo axa   logo mayer logo diekirch