Perfekte Start an d'Championnat vun eisen Hären 1 💙💛
Nodeems ee wärend der Woch nach huet misse baangen em d'Spillberechtegungen vun Abreu, Garcia a Loyola, konnt eis Härenequipe finalement dach a kompletter Garnitur oplafen.
Mat enger kollektiver Equipeleeschtung hu si de Match géint Fenteng, ee vun den Kandidaten op Play-off Ticket'en, zu all Moment kontrolléiert a souverän 3-0 gewonnen. Den Trainer konnt soumat och de jonken Nowuesstalenter Marechal, Clees a Michotte wäertvoll Spillpraxis ginn.
Hei e puer Andréck vum Match. (E grousse Merci un de Marc Goedert fir d'Fotoen)
Chev Diekirch - Fenteng 3-0
25-18;25-21;25-13
Bravo an Félicitatiounen un ons Hären vum Chev 👏
💙💛