Skip to main content

CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

Conveniat fir den 55ten Anniversaire (15.06.2024)

Conveniat Gruppephoto

Obwuel d‘Wieder fir des Zeit net zum Beschten wor hunn trotzdeem 110 Leit d'Invitatioun vum Chev Dikrech Volleyball fir de Conveniat am Kader vum 55ten Anniversaire ugeholl.

Nom Aperitif konnten eis aktuell wéi fréier Memberen sech un engem gudde Maufel erfreeën an iwwert déi " gutt al Zäiten" schwätzen. D‘Ambiance war excellent a vill waren immens frou d' Volleyballkolleegen vun deemools rëmzegesinn. Besonnesch frou war de Comité dat och vill Leit vun der 1. Stonn komm waren, dovun esouguer een deen extra aus der Schwäiz ugereest war. Héich hiergaang ass et beim Chev Volleyquiz wou déi verschidden Equippe gewisen hunn dat de sportlechen Éiergäiz nach ëmmer präsent ass.

Alles an allem wor et ee gemittlechen an animéierten Owend fir eis all. Schéin ze gesinn dat Chev Häerz nach ëmmer schléit bei sou Muenchen.

Hei fannt dir e puer Andréck vun deem flotten Owend.

 

De Comité bedankt sech fir ären Besuch. Auf ein Neues😊. Blue heartyellow heart

Grousse Merci och un d'Gemeng fir hir Ënnerstëtzung a Flexibilitéit.

 

De Comité vum Chev

 

logo osch     logo mayer logo diekirch