Skip to main content
CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

D'Umeldunge sinn ob!

Den Tournoi fënnt dëst Joer vum 28.06.2024 - 30.06.2024 hannert der Sportshall zu Dikrech um Beachterrain statt.
Mir leen Freides ab 18:00 Auer mat engem Corporate Tournoi lass, wou mir ons op een flotten sportlechen Afterwork freeën. Hei kennen sech verschidden Beruffsgruppen op engem sportlechen Niveau an engem 4x4 mixed moossen an kucken wien déi bescht Volleyballskills huet. Mellt heifir är Entreprise/Equipe un. Bei dësem Turnéier steet den Spaass am Virdergrond.
Beim Corporate Beach lait den Präis fir d'Umellung fir den All-Inklusive Package (dozou zielt d'Umellung souwei 5x 20€ Bongen fir d'Consommatioun fir d'Spiller) bei 200€.
Ouni desen Package kascht d'Umellung 100€ pro Equipe.
Um Samschden sinn dann all Equipe invitéiert fir sech unzemellen. Dir kennt Iech ab 11:00 Auer entweder an engem 2x2 mixed oder 4x4 géint aner Equipe moossen. Mellt Iech mat ärem Beachpartner an ären Frënn un an kämpft Iech erop bis op den Podium, wou flott Präiser op Iech waarden wäerten.
Dëst Joer oraniséieren mir Sonndes och rem een Family&Youth Day. Hei soll ab 11:00 Auer den Spaass bei engem 4x4 Mixed am Vierdergrond stoen. Pro Equipe mussen awer mindestens 2 Jonker (ënner 16 Joer) an der Equipe representéiert sinn. Ziel ass et, dat um Sonndëg Kanner mat Familljememberen kënnen een flotten Dag verbrengen.
Mir hunn fir onsen Tournoi um Samschden (29.06.2024) an Sonnden (30.06.2024) 2 Umeldungsphasen. Dei éischt geet vun haut bis den 15. Juni. Hei kennt dir är Equipe zu engem Präis vun 60€ umellen. Nom 15. Juni sinn d’Umeldungen dann zum vollen Präis vun 70€. Bei all ugemellten Equipe ass am Präis och een Consommatiounsbong vun 20€ mat dran.
Wärend den 3 Deeg vun onsem Turnéier kennt dir Iech niewent dem Terrain entweder un onser Cocktailbar mat leckeren Cocktaile erfrëschen oder natierlech och vun onsem frësch gezaapten Dikrecher Béier profitéieren.
Fir är Energie um héchsten Niveau ze halen wäerten mir den ganzen Weekend iwwer grillen an fir d‘Vegetarier Zaloten ubidden.
 
Fir d’Unmellung vun ärer Equipe brauchen mir ären Equipenumm, den Numm vun ärem Capitain, fir weieng Compétioun (Corporate, 2x2,4x4) an fir wéieen Daag (28.06/29.06/30.06) dir Iech umellt.
Dir kennt ab elo är Equipe mat enger Mail un: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.
umellen an är Startplazen secheren andem dir den Montant op onsen Compte: LU46 0099 7800 0077 6625 iwerwéist.
 
Mellt Iech un an freet Iech mat ons op een flotten Summerweekend um an och nieft dem Beachterain .
 
434754198 967897828669365 9114115823111654053 n
 
logo osch logo axa   logo mayer logo diekirch