Skip to main content

CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

An der Ouschtervakanz war den Nowuess vum CHEV Dikrech am internationalen Asaz.

Dëst war bei den Hären d'U20 Men SCA Championships an bei den Damen d'SCA Junior Women Championships.
Allebéid Equippen hunn an hiren Turnéieren jeeweils déi éischt Platz erreecht👌
Mir sinn ganz houfereg dat souwuel bei den Hären 4 Spiller (Vincenzo Nadalini, Nicolas T'Joen, David Felber, Ryan Matilde Da Luz) wei och bei den Damen 3 jonk Spillerinnen (Marie Schaack, Chloé Bieux, Lou-Anne Fischbach) aus eisen eegenen Reien am Asaz waren.
Dëst weist ons datt mir mat onser Jugendaarbecht um richtegen Wee sinn an dat déi och hir Friichten dréit. Als Club ass eis et ganz wichteg ons eegen Spiller auszebilden, fir déi och spéider souvill wei méiglech an onsen éischten Equipe asetzen ze kennen .
Mir felicitéieren onsen jonken Talenter fir den Erfolleg, den sie an den Nationalequipe erreecht hunn!
Super Aarbecht an maacht weider esou!💪
 
278573777 4876448209121682 3196354881900560847 n
278380768 4876450102454826 7782031190508763604 n
 
 
logo osch logo axa   logo mayer logo diekirch