Skip to main content
CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

Beach-News 2022

🔥🔥🔥🔥 Endlech ass et rëm souwäit !!! 🔥🔥🔥🔥
 
📣 Mir sinn frou Iech kennen matzedeelen, dat den CHEV Dikrech Volleyball dëst Joer säin mëttlerweil traditionellen Volleyballstournoi rëm organiséieren kann. Den Tournoi fënnt den éischten Weekend am Juli vum 1.07.2022 - 3.07.2022 hannert der Sportshall zu Dikrech um Beachterrain statt🏝
 
Mir leen Freides ab 18:00 Auer mat engem Corporate Tournoi lass, wou mir ons op een flotten sportlechen Afterwork freeën. Hei kennen sech verschidden Beruffsgruppen op engem sportlechen Niveau an engem 4x4 mixed moossen an kucken wien déi bescht Volleyballskills huet. Mellt heifir är Entreprise/Equipe un. Natierlech steet bei dësem Turnéier den Spaass am Virdergrond😎🥂🍻
Beim Corporate Beach lait den Präis fir d'Umellung fir den All-Inklusive Package (dozou zielt d'Umellung souwei 5x 20€ Bongen fir d'Consommatioun fir d'Spiller) bei 200€.
Ouni desen Package kascht d'Umellung 100€ pro Equipe.
 
🏆Um Samschden an Sonnden sinn dann all Equipe invitéiert fir sech unzemellen. Dir kennt Iech ab 11:00 Auer entweder an engem 2x2 mixed oder 4x4 géint aner Equipe moossen. Mellt Iech mat ärem Beachpartner an ären Frënn un an kämpft Iech erop bis op den Podium, wou flott Präiser op Iech waarden wäerten🥇🥈🥉
 
Mir hunn fir onsen Tournoi um Samschden (02.07) an Sonnden (03.07) 2 Umeldungsphasen. Dei éischt geet vun haut bis den 15. Juni. Hei kennt dir är Equipe zu engem Präis vun 60€ umellen. Nom 15. Juni sinn d’Umeldungen dann zum vollen Präis vun 70€. Bei all ugemellten Equipe ass am Präis och een Consommatiounsbong vun 20€ mat dran.
 
❗️PROMO: Wann dir är Equipe direkt fir zwee Deeg umellt, kennt dir vun enger Reduktioun profitéieren an dëst fir een Präis vun (90 € inkl. 20 € Bong) ❗️
 
Wärend den 3 Deeg vun onsem Turnéier kennt dir Iech niewent dem Terrain entweder un onser Cocktailbar mat leckeren Cocktaile erfrëschen oder natierlech och vun onsem frësch gezaapten Dikrecher Béier profitéieren🍺🍹🍾
Fir är Energie um héchsten Niveau ze halen wäerten mir den ganzen Weekend iwwer grillen an fir d‘Vegetarier Zaloten ubidden🔥🥩🍔🥗
 
🍺 Ganz nei organiséieren mir dëst Joer nieft dem sportlechen Tournoi um Terrain och nach een Béierpräis. Hei gin d‘Meteren dei all Equipe un engem Turnéierdag consomméiert huet opgeschriwwen. Déi Equipe déi zum Schluss vun all Dag am meeschten Duuscht hat gëtt dofir mat onsem speziellen Dikrecher Béierpräis belount🍺 🍺 🍺
 
☝🏻Fir d’Unmellung vun ärer Equipe brauchen mir ären Equipenumm, den Numm vun ärem Capitain, fir weieng Compétioun (Corporate, 2x2,4x4) an fir wéieen Daag (01.07/02.07/03.07) dir Iech umellt.
 
❗️ Dir kennt ab elo är Equipe mat enger Mail un Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.
umellen an är Startplazen secheren andem dir den Montant op onsen Compte: LU46 0099 7800 0077 6625 iwerwéist ❗️
 
Mellt Iech un an freet Iech mat ons op een flotten Summerweekend um an och nieft dem Beachterain☀️🏝⛱🌊
 
 
logo osch logo axa   logo mayer logo diekirch