Skip to main content
CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

header chev welcome

Eis kleng Volleyballer GANZ GROUSS !!

"Yes we can, yes we did it". 

COUPE-FINAL MINIMES 2014 (09. Februar 2014)
CHEV Diekirch - Volley Bartréng
3-1 (19-25; 25-18; 25-17; 25-18)

Sou kann een soen nodeem eis jéngst Equipe am Championnat no enger Zidderpartie d'Coupe de Luxembourg gewonnen hunn. 

An engem 1. Satz wou si 3-0 an Hannertreffen koumen, kruten eis Meedercher an Jongen hir Nervositéit net méi an de Grëff an hunn vill einfach Feeler gemeet. De Géigner vu Bartréng huet dovunner gutt profitéiert an de Satz dunn mat 25-19 verdéngt gewonnen.

Nodeems eis Equipe awer dunn zusehends méi roueg ginn ass, hunn si dunn och hiren normalen Volleyballsniveau fond an mat propperem an gedëllegem Opbauspill den 30 matgereesten Supporter vun Dikrech gewisen wat an hinne stecht.

Bartréng ass ëmmer méi zum Spillball vun der Dikrecher Maschinerie ginn sou dat den Trainer vum CHEV sech och konnt erlaben eis Reservisten vun der Bänk an dëser Final zum Asaz ze bréngen.   

Mat 3x 25-18 setzen eis Youngsteren sech anschliessend duerch an soumat konnt eise Capitain, den Noah Wagner, d'Coupe no ronn 90 Minutten an d'Luut halen ënnert dem freneteschen Applaus vun eise Supporter, nodeem de Vincenzo, eisen allerjéngsten vun der Equipe et sech net huele gelooss huet fir den leschten Punkt ze maachen.

Merci Anna, Axel, Giulio, Hugo, Léini, Lena, Noah an Vincenzo fir är fein Leeschtung an RESPEKT virun ärem EXPLOIT, well dir sidd di éischt am Dikrecher Volleyveräin déi et färdeg bruecht hunn een Pokalgewënn mat op Dikrech ze bréngen an deene 45 Joer vun eiser Existenz !!

Dir sidd soumat di éischt Coupe Gewënner vum Veräin an eis mecht et frou a stolz dat mer zu Dikrech eng Jugend hunn op déi mer Zukunft kennen opbauen.

Macht also weider esou an trainéiert fläisseg (wann der Loscht huet:-)), dann gëtt an e puer Joer aus iech deen/dat een(t) oder aneren (anert) 1. Equipe Spiller(in) oder esou guer Nationalequipespiller(in).

Merci och un d'Mara, de Max an de Ryan, déi, obwuel se net matspillen konnten, dach als Supporter mat dobäi woren fir hir Kollegen unzefeieren. Dat ass solidareschen an fairen Sportsgeescht wéi mir en gäer gesinn !!

Mir drécken Daumen fir d'Suite vum Minimes-Championnat wou dir am Moment di 2. sidd a wou wahrscheinlech och eng Zort Final géint Stengefort op eis waard.

Grousse MERCI och un der Fern Mayer deen eis mat sengem Bus op di Coupe Final "chaufféiert" huet an eise jonke Spiller et esou erméiglecht huet sech bëssen wéi een Profi ze fillen.

Allez CHEV !!

logo osch logo axa   logo mayer logo diekirch