Skip to main content
CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

header chev welcome

CHEV goes Coupe Final 4

Salut dir Chev'innen an Chev'en,

De Week-end vum 01.-03. Februar 2013 ass esou wäit. Den 1. absoluten Héichpunkt vun der Saison !

Eis 1. Hären-Equipe spillen:

d'Hallef-Final vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg
géint den VC Stroossen den Freideg, 01. Februar 2013
um 18h30 zu Rodange.

 

Déi Stroossener Equipe gëllt nieft eiser Equipe als di stäerkst am Championnat. Eis Hären konnten se allerdings 2x in extremis am Championnat bis elo klappen. Dat gëtt also een richtegen Volleyballleckerbissen.

De Comité hofft a mëcht een Opruf dat esou vill wéi méiglech vun eisen Mêmberen a Supporteren deen Owend do sinn fir eis Equipe mat vill "Remmi Demmi " moralesch ze ënnerstëtzen, fir dat mer sie deen Dag duerno och an der Coupe-Final ufeieren kënnen, an esou v'läit deen 1. Titel an eiser 44 jähreger Bestehungsgeschicht feieren kënnen.

Eis Farwen sinn blo-giel. All Klibber, Kachdëppen, Instrument ass wellkomm:-).

 Eis Jongen wieren och besonnesch frouh a stolz eisem Nowuess (Minimes, Scolaires) ze weisen wat sie 'sou drop hunn. Eis Youngsteren a "potentiell Vedetten" vu muer sinn also och häerzlech invitéiert mat hiren Elteren. 

De Club organiséiert zu dem Ulooss eng Navette (départ Diekrich, Ettelbruck a Miersch), déi allerdings nëmmen firt wann sech wéinstens min. 30 Leit umellen.

Präis vun der Navette 5 Eur mat engem Maximum vun 10 EUR pro Famill bäi méi wéi 2 "Mitfahrer". 

Réservatioun virum 25.01.2013 per mail un backmart(ät)pt.lu

Die genee Auerzäiten ginn iech nach matgedeelt esou bal mer wëssen dat mer genug Läit hun déi wëlle matfueren. 

Also direkt umellen (mat Numm a Virnumm w.e.g). Die éischt sinn vir :-).

Allez CHEV !!!

Fir de Comité,
Patrick Wagner

de genauen Spillplang vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg ass:

Hallef-Final Hären (Hall Omnisports Rodange)
Freideg, 01. Februar 2013 um 18:30  /  VC Strassen - CHEV DIEKIRCH
Freideg, 01. Februar 2013 um 20:30  /  V80 Pétange - VC Fentange
 
Finales
Samsdeg, 02. Februar 2013 um 18:30  /  Final Dammen
Samsdeg, 02. Februar 2013 um 20:30  /  Final Hären
 
Finales des Jeunes
Sonndeg, 03. Februar 2013 um 20:00  /  CHEV DIEKIRCH - VC Strassen (Juniors)

logo osch logo axa   logo mayer logo diekirch