Skip to main content
CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

header chev welcome

Ons Junioren an der Coupe-Final !

Dëse Week-end hunn eis Junioren d'Konschtstéck fäerdeg bruecht fir an der Hallëf-Final 3-2 géint Walfer ze gewannen. Nodeems sie am éischten Satz Walfer kloer dominéiert hunn, ass et op eemol am 2. Satz ab 20 net méi ganz ronn gelaaf an déi Walferer konnten de Satz dréien well eis Jongen zum Schluss bësschen nervös ginn sinn. Am drëtten Satz hunn de Pierre Ney op der Diagonalpositioun, de Charel Faust an der Passe, den Tom Gaspard an Daniel Freichel am Mëttelblock an den Nicolas Berkes an Matthieu Osch op der Positioun 4 dunn rëm gewisen waat an hinne stëcht.

Up an down wor de Motto vum Match; ween geduecht hat sie géifen de Sack zoumaan am 4. Satz, deen gouf enges besseren beléiert. Déi Walfer Equipe huet opgedréint an eise Jongen hir Grenzen gewisen. Den Tiebreak sollt also entscheeden!!

Mat exzellenten Servicen vun deem réischt 13 Joer aalen Matthieu Osch konnten eis Jongen gläich mat 7-0 an Féierung goen, an wéi och den Pierre Ney nach e puer Knaller lassgelooss huet, dunn wor eis Equipe net ze haalen. Den Tom an Dan hun am Block zougepackt an den Charel huet seng Attaquants gudd agesaat. Regelméissegsten Spiller vum Owend wor den Nicolas Berkes. Iwer 11-3, 13-10 hun eis Jongen den Tie-break fir sech entscheed an mat 15-12 gewonnen. Freed iwert déi erreechten Final wor natiirlech grouss.

Respekt an Gléckwonsch!!

Schéin dat och Supporteren de Wee op Walfer font haten fir eis Jongen ze ënnerstëtzen.

Weider esou an bonne chance fir d'Final Jongen! Do kréien mer et mat Stroossen ze dinn.

  • Erstellt am .
logo osch logo axa   logo mayer logo diekirch