Skip to main content
CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

header chev welcome

5. Spilldag: CHEV Damen schaffen Überraschung

Den Opsteiger aus Diekirch iwwerzeegt géint Amber-Lënster!

No engem 2:0 Réckstand hunn si et awer nach gepackt dëse Match zu hieren Gonschten ze entscheeden. Virun allem déi zwou Mëttelblockerinnen Eve Hulsboch an Magali Geisbusch agéieren gudd an deenen Sätz duerno. De Match huet sech dunn spektakulär gedréit fir eis Damen!

Amber-Lënster huet sech missten hierem Schicksal fügen an huet am 5. Satz wéinst der Verletzung vun der Spillerin Deborah Oesch bei engem Stand vun 10:5 missten opginn.

Gratulatioun un eis Dammen vir hieren éischten Erfolleg an der Nationaldivisioun!

CHEV - Volleyball Amber-Lënster  3:2 (21:25 / 10:25 / 25:23 / 25:19 / 15:5)
 

logo osch logo axa   logo mayer logo diekirch