Felicitatioun !
Ons 1. Dammen-Equipp ass Champion vun der éischter Divisioun an steigt doduerch lo an d'National-Divisioun - BRAVO !
alles waat et sou iwert de Club Neies ze erzielen gëtt ...
Ons 1. Dammen-Equipp ass Champion vun der éischter Divisioun an steigt doduerch lo an d'National-Divisioun - BRAVO !
Dëst Joer ass schon an der Hallef-Final vun der Coupe Schluss fir ons 1. Häeren-Équipe. D'Resultat vum Match ass:
Mir drécken awer ganz fest den Junioren d'Daumen fir hir Final de
Sonndeg, 03. Februar 2013 um 20:00 / CHEV DIEKIRCH - VC Strassen an der Hall Omnisports zu Rodange.
De Week-end vum 01.-03. Februar 2013 ass esou wäit. Den 1. absoluten Héichpunkt vun der Saison !
Eis 1. Hären-Equipe spillen:
Déi Stroossener Equipe gëllt nieft eiser Equipe als di stäerkst am Championnat. Eis Hären konnten se allerdings 2x in extremis am Championnat bis elo klappen. Dat gëtt also een richtegen Volleyballleckerbissen.
De Comité hofft a mëcht een Opruf dat esou vill wéi méiglech vun eisen Mêmberen a Supporteren deen Owend do sinn fir eis Equipe mat vill "Remmi Demmi " moralesch ze ënnerstëtzen, fir dat mer sie deen Dag duerno och an der Coupe-Final ufeieren kënnen, an esou v'läit deen 1. Titel an eiser 44 jähreger Bestehungsgeschicht feieren kënnen.
Eis Farwen sinn blo-giel. All Klibber, Kachdëppen, Instrument ass wellkomm:-).
Eis Jongen wieren och besonnesch frouh a stolz eisem Nowuess (Minimes, Scolaires) ze weisen wat sie 'sou drop hunn. Eis Youngsteren a "potentiell Vedetten" vu muer sinn also och häerzlech invitéiert mat hiren Elteren.
De Club organiséiert zu dem Ulooss eng Navette (départ Diekrich, Ettelbruck a Miersch), déi allerdings nëmmen firt wann sech wéinstens min. 30 Leit umellen.
Präis vun der Navette 5 Eur mat engem Maximum vun 10 EUR pro Famill bäi méi wéi 2 "Mitfahrer".
Réservatioun virum 25.01.2013 per mail un backmart(ät)pt.lu.
Die genee Auerzäiten ginn iech nach matgedeelt esou bal mer wëssen dat mer genug Läit hun déi wëlle matfueren.
Also direkt umellen (mat Numm a Virnumm w.e.g). Die éischt sinn vir :-).
Allez CHEV !!!
Fir de Comité,
Patrick Wagner
de genauen Spillplang vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg ass:
Hallef-Final Hären (Hall Omnisports Rodange) | ||||
Freideg, 01. Februar 2013 um 18:30 / VC Strassen - CHEV DIEKIRCH | ||||
Freideg, 01. Februar 2013 um 20:30 / V80 Pétange - VC Fentange | ||||
Finales | ||||
Samsdeg, 02. Februar 2013 um 18:30 / Final Dammen | ||||
Samsdeg, 02. Februar 2013 um 20:30 / Final Hären | ||||
Finales des Jeunes | ||||
Sonndeg, 03. Februar 2013 um 20:00 / CHEV DIEKIRCH - VC Strassen (Juniors) |