Zum Hauptinhalt springen

CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

NEWS

alles waat et sou iwert de Club Neies ze erzielen gëtt ...

CHEV goes Coupe Final 4

Salut dir Chev'innen an Chev'en, kommt an ënnerstëtzt eis,

d'Hären spillen

d'Hallef-Final vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg
géint den VC Stroossen den Freideg, 07. Februar 2014
um 18h30 um Belair (Hall Omnisports).

d'Minimes spillen

d'Final vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg
géint den Volley Bartréng den Sonndeg, 09. Februar 2014
um 10h00 um Belair (Hall Omnisports).

De Comité hofft a mëcht een Opruf dat esou vill wéi méiglech vun eisen Mêmberen a Supporteren deen Owend resp. Moien do sinn fir eis Equipen mat vill "Remmi Demmi " moralesch ze ënnerstëtzen.

Eis Farwen sinn blo-giel. All Klibber, Kachdëppen, Instrument ass wellkomm:-).

Zu dem Ulass firt eng Gratis Navette.
Départ Freideg um 17h00 an Sonndeg um 08h30 zu Ettelbréck bei den Deichhallen.

W.e.g. är Platz séier per mail réservéieren op backmart(ät)pt.lu

Allez CHEV !!!

Fir de Comité,
Patrick Wagner

de genauen Spillplang vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg ass:

Hallef-Final Hären (Hall Omnisports Belair)
Freideg, 07. Februar 2014 um 18:30  /  VC Strassen - CHEV DIEKIRCH
Freideg, 07. Februar 2014 um 20:30  /  VC Lorentzweiler - VC Bonnevoie
 
Finales
Samsdeg, 08. Februar 2014 um 17:30  /  Final Dammen
Samsdeg, 08. Februar 2014 um 19:30  /  Final Hären
 
Finales des Jeunes (Minimes)
Sonndeg, 09. Februar 2014 um 10:00  /  CHEV DIEKIRCH - Volley Bartréng

CHEV ALL STARS !

Ons Loisir-Equip huet nees alles un internationalen Titelen gewonnen, déi et déi läscht zwou Wochen ze gewanne gouf !


1. Plaatz zu Bouneweg, den 27. Dezember 2013 !


an 1. Platz zu Wëntger, den 12. Januar 2014 op der inoffizieller Weltmeeschterschaft vun de Loisirsequipen vun deene méi klenge Länner, bäi den Ü40 !
Si sinn einfach GUTT an hunn rëm e neie Ball, e scharfe Kalenner a Schampes à gogo gewonn !

Bravo, Félicitatioun, Vive ... an weider sou ;-)
 

Challenge Cup - Match 2

D'Aventure "Coupe d'Europe" ass eriwwer an Chaumont (F) huet och den Réckmatch an eegener Haal souverain gewonnen.

CHAUMONT VB52 - CHEV
3:0 (25:14 / 25:16 / 25:19)

 

ASPORT - soirée CHEV

D'Frënn an d'Mêmberen vum CHEV Volleyball déi eng Bestellung vun Sports-Artikeln am Kader vun der « soirée privée » gemaach hunn, kënnen hir Saachen elo an den ASPORT Ingeldorf sichen goen.

W.e.g. drunn, den Karton-Ziedel mat der Bestellnummer matzehuelen.

 

logo osch     logo mayer logo diekirch