Zum Hauptinhalt springen

CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

NEWS

alles waat et sou iwert de Club Neies ze erzielen gëtt ...

Coupe 1/2 Final

Lousfee huet dem CHEV-Dikrech een schweiert awer net onmeiglegt Lous gezun. Den Mettwoch metten ass Nooricht kommt dat Dikrech den Weekend vum 23/24 Januar auswärts geint Strossen spillt. An deenen läschten Joer gouf et nach nie eng Victoire geint des staark Equipe. Läschten Weekend wor et knapp an 2010 kann een just hoffen dat et nach besser gett. Den Wee fir no 2008 nach eemol an Final ze kommen gett net einfach. Deen anner Match bei den Hären ass:

RSR Walfer - V80 Petange

an bei den Damen sin et folgend 2 Affichen:

V80 Pétange - Volley Bartréng

VC Fentange (D2) (+5) - VC Mamer (DN)

Match Preview VC Strassen - CHEV Diekirch

Schwéieren Match géint Coupe-Gewënner / Feelen och nach Monschauer an Kurowski?

No zwee schlechten Matcher, géint Péiteng an am Nodroosmatch géint Esch, wëll den CHEV sëch zréckkaafen. Um 2. Spilldag vun der Réckronn wäert dëst allerdéngs net alt ze einfach ginn. De CHEV reest nämlech op Stroossen, bei den Tabellenzweeten. Dësen huet réicht eemol dës Saison missen Punkten hänke loossen an steet domadder well mat engem Been am Play-Off. Net aleng dëse Fait mee och déi individuell Klass mëcht den VC Stroossen zum grousse Favorit fir den Champions-Titel.

De Spiller-Trainer Gunnar MONSCHAUER, dem säin Asatz en Samsten nach onsëcher ass, huet grousse Respekt virun Stroossen, ass trotzdem optimistesch: “ Strassen hat seit Jahren eine Vormachtstellung in Luxemburg! Vor der Arbeit des Klubs sowie vor der von Trainer Jenne habe ich größten Respekt! Wir werden versuchen mutig zu spielen und unsere Chance suchen… wir hatten 2 schlechte Spiele und wollen uns mit einem guten Spiel rehabilitieren und wieder zurück zur alten Stärke finden.“

Weiterlesen … Match Preview VC Strassen - CHEV Diekirch

8. Spilldag: CHEV - V80P

éischte Match vun der Réckronn

een Film seet méi wéi 1000 Wierder ...
dofir hei de Weblink zum Bericht vum Match CHEV Dikrech - V80 Pétange op www.simba.lu

8. Spilldag (28. November 2009)
Resultat : CHEV-V80 Pétange 1:3 (21:25/27:25/20:25/17:25)
Video: simbapro.com / Anne Hasdorf & Bob Schommer

2 Victoiren an een Comeback bei den Hären

Als Favorite goungen d'Volleyballer vun Dikrech an d´Partie géint Walfer an Luerentzweiler. Zweemol konnt de CHEV Dikrech iwerzeegen.

6. Spilldag

Geint Walfer wor et schnell kloer dat de CHEV spilleresch méi Méiglechkeeten haat wéi déi jonk Equipp vu Walfer, ungefeiert vun hierem Passeur Gilles BRAAS. Kloer an dräi Sätz goungen d'Punkten op den Dikrecher Konto. Erauszehiewen bleiwt dat den ganzen Kader Spillzäit kruut. An ab dem zweeten Satz vum jonke Passeur Max MAJERUS geleet goufen. Hien konnt seng Matspiller gudd an Szeen setzen an konnt wéi all dei anner och, wichteg Erfahrung sammelen, fir déi nächst Matcher.

RSR WALFER - CHEV 0:3 (15:25 / 15:25 / 22:25)

7. Spilldag

Zu Walfer soutz de Florent OBDEIJN nach op der Tribün, eng Woch méi spéit sollt hien no 9 Méint Paus nees eemol den Trikot fir de CHEV undoen an huet seng Première als Libero ginn. Starting 6 mat MONSCHAUER, LAEVAERT, KÖNIG, ANGELSBERG, HOFFMANN an KUROWSKI haaten am Ufank vun den Sätz hier Probleemer, konnten allerdéngs ëmmer am zweeten Deel vun de Sätz den Ennerscheed machen an spillen och hei eng sëcher Victoire raus, géint eng tapfer Equipp aus Luerentzweiler.

Een weideren Schrett ass gemach Richtung Play-Off.

VC LORENTZWEILER - CHEV 0:3 (20:25 / 17:25 / 22:25)

Een spannenden Match ass fir d´Reckronn geplangt den 28. November zu Dikrech um 20h00, wou ais éischt Equipp géint den V80 Péiteng spillt. (Hinnronn 3-2 gewonnen). Hei spillt den véierten geint den fënneften. Fir gudden Volleyball ass also gesuergt.

logo osch     logo mayer logo diekirch