Zum Hauptinhalt springen

CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

NEWS

alles waat et sou iwert de Club Neies ze erzielen gëtt ...

Coupe de Luxembourg

An der Hallef-Finale vun der Coupe de Luxembourg huet de CHEV Diekirch missen op Stroossen fueren.

De CHEV ass mat enger gudder Motivatioun an dëse Match 'ran gaang an huet ouni Drock opgespillt. Mat enger gudder Performance vum LAEVAERT Tim hunn mir dësen Satz dach awer leider missten un Stroossen ofginn. Mat engem dach relatif enken Score zum Schluss vum éischten Satz huet de CHEV net opginn an mat der selweschter Motivatioun weidergepillt wei am éischten Satz sou soll dësen Satz och un de CHEV goen mat engem Score vun 29-31. Dest hunn mer engem gudden Block an enger gudder Feldoofwier vum OBDEIJN Florent ze verdanken.

Am 3. Satz huet de CHEV probéiert de Match op seng Säit ze zéihen, trotz guddem Spill vun LAEVAERT, ANGELSBERG an MONSCHAUER , sollt et awer net duergoen an de Satz ass un Stroosen gaang! De CHEV nach ëmmer an Gedanken dass dëse Matche ze gewannen wier huet dunn am falschen Moment Fehler gemach. Durch eng Diskusioun mam Arbiter huet de Passeur Monschauer eng giel Kaart kritt! Deen Satz ass dun och un Stroossen gaang an de CHEV ass an der Semi-Finale vun der Coupe gescheitert!

Mir gratuléieren Stroossen fiir hiren Anzuch an d'Finale vun der Coupe!

VC Strassen - CHEV  3:1 (25:20, 29:31, 25:20, 25:17)

11. Spilldag

1. Heem-Victoire fir de CHEV Dikrech

Een wichtegen Schrëtt a Richtung Play-Off ass mat der Victoire, géint den direkten Konkurrent ëm déi véiert Plaz - dem Volley Bartreng - gemaach ging. D'Equipe vum CHEV huet den éischten Satz ganz konzentréiert ugefang fir mat engem iwerzeegenden Score vun 25:17 oofzeschléissen. Am zweeten Duerchgang huet Dikrecher Equipe duerch vill individuell Fehler stark an de Beräicher Service, Receptioun an Attaque nogeloos, waat Bartreng direkt ausgenotzt huet fir endlech an d'Spill ze fannen an ze weisen datt si vill méi kënnen wéi daat waat si am éischten Satz gewissen hunn. Den zweeten Satz ass mat 18:25 un Bartreng gaang. Och am drëtten Satz huet Bartreng den CHEV weider ënner Drock gesaat sou datt et bäi 16:22 sou ausgesinn huet wéi wann déi Dikrecher Equipe schon all hir Polver verspillt gehaat hätt. An dëser decisiver Phase huet den CHEV-Coach Patrick WAGNER mat AUGUSTIN, JUNGERS an REIFFERS direkt 3 nei an voll-motivéiert Spiller op den Terrain geschéckt. Ënnert dem Impuls vun virun allem Raoul JUNGERS an Flepp AUGUSTIN ass dëse Satz dann schlussendlech no villen spannenden an kampfbetounten Bällwiessel nach zu Goschten vun Dikrech gekippt - 29:27! Nôm extrem spannendem an och iwerraschendem Ausgang vum drëtten Satz huet déi Bartrenger Equipe liicht resignéiert an net méi zu voller Spillstärkt zrëckfond ,waat dem CHEV erlaabt huet ouni gréisser Problemer den Match mat engem 25:19 am leschten Satz oofzeschléissen.
 

 

 

Kampf um die Play-offs und Pokal Halbfinale

Die Winterpause ist vorbei und nun beginnt für die CHEV-Herren in der Liga mit den Spielen gegen Bartringen, Esch, Walferdingen und Lorentzweiler ein schwieriges, aber nicht unlösbares Programm. Im Lager des CHEV rechnet man damit, dass man mit 4 Siegen den angestrebten 4. Platz noch einnehmen kann und somit im Halbfinale stehen würde! Doch dieses wird kein leichtes Unterfangen und so rechnet man vor allem beim Heimspiel am Samstag, den 16.01.2010 um 20:00 Uhr auf hartnäckigen Widerstand des direkten Konkurenten aus Bartringen. Das Hinspiel konnte der CHEV deutlich mit 3:0 Sätzen für sich entscheiden, doch im Rückspiel werden sich die Spieler um ihren Trainer Bogdan Birca, den Nordstädtern  versuchen alles abzuverlangen um die Punkte nach Bartringen zu entführen. Die Diekircher wiederrum wollen ihren ersten(!) Saisonsieg vor heimischen Publikum einfahren um mit Punkten mit dem Gegener gleichzuziehen. Es ist also für Spannung gesorgt !

Am Samstag den 23.01.2010 um 19:30 in Strassen

trifft der CHEV dann im Pokalhalbfinale auf den VC Strassen und versucht sich dann den Traum vom Finale zu verwirklichen. „Das ist ein schweres Los für uns, aber so ist das nun mal bei einem Halbfinale so Trainer Gunnar Monschauer, aber wir haben vor Wochen bei der 2:3 Niederlage in Strassen nicht schlecht ausgesehen und hätten auch den Platz als Gewinner verlassen können. Aber bevor wir über das Halbfinale im Pokal nachdenken, konzentrieren wir uns voll und ganz auf das kommende Spiel.“

Wanterpaus

Elo sin mer an der Wanterpaus an et leeft net vill!

Verschiddener vun eis spillen Nationalkader an mer wënschen all Spiller déi do betraff sin vill Erfolleg um Novotelcup!

Sie sollen eis Land tapfer vertrieden an och eise Club.

Jungs gidd aert Bescht géint déi Equipen an maacht eis Land stolz.

Matcher dei eis Jongen mussen bewältegen sin dei hei:

Freides 8.1.2010 : Luxemburg - Österreich

Samstes 9.1.2010 : Luxemburg - Schottland

Sondes 10.1.2010 : Luxemburg - Lettland

logo osch     logo mayer logo diekirch