Skip to main content

CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

NEWS

alles waat et sou iwert de Club Neies ze erzielen gëtt ...

14. Spilldag

CHEV Dikrech goes PLAY-OFFS

No enger souveräiner Victoire géint den VC Lorentzweiler um 14. Spilldag steet lo endgülteg fest datt d'Härenéquipp vun Dikrech mat vun der Partie ass bäi den FINAL FOUR. Duerch eng konzentréiert an konséquent Spillweis huet d'Equipp gewisen, datt si onbedéngt an d'Play-offs kommen wollt, an ënnerstrach daat no 2 schlechten Matcher alles drun gesaat gëtt fir dës Saison mat dem beschtméiglechen Resultat oofzeschléissen. Géigner an der Hallef-Final vum Championnat heescht VC Stroossen. Den éischte Match gëtt Samschdes den 20. Mäerz zu Stroossen gespillt. (weider Détailler kommen no...)

14. Spilldag: CHEV - VC Lorentzweiler 3:0 (25:13 / 25:16 / 25:19)

12. Spilldaag

Een schwéieren Match fir den CHEV-Diekirch

Eng schwéier Victoire géint eng erfueren Equipe huet den CHEV hannert sech.

Een ganz spannenden Match mat keng esou enger gudder Leeschtung vun der Equipe an mat engem verletzten Kurowski deen säin Bescht ginn huet an dësem Match fir dem CHEV ze hellëfen gewannen.

De Match wor vun Ufang un wichteg fir de CHEV well et bäi dësem Match mat dorëm gung fir den Anzuch an d'Play-Off'en ze secheren.

Mee dëst ass nach ëmmer net secher - dëse Weekend hunn mir nach een wichtegen Match géint WALFER wou mir gewannen mussen fir ons Ziel ze erreechen.

CHEV- ESCH 3:2 (25:22, 25:19, 16:25, 21:25, 10:15)

Coupe de Luxembourg

An der Hallef-Finale vun der Coupe de Luxembourg huet de CHEV Diekirch missen op Stroossen fueren.

De CHEV ass mat enger gudder Motivatioun an dëse Match 'ran gaang an huet ouni Drock opgespillt. Mat enger gudder Performance vum LAEVAERT Tim hunn mir dësen Satz dach awer leider missten un Stroossen ofginn. Mat engem dach relatif enken Score zum Schluss vum éischten Satz huet de CHEV net opginn an mat der selweschter Motivatioun weidergepillt wei am éischten Satz sou soll dësen Satz och un de CHEV goen mat engem Score vun 29-31. Dest hunn mer engem gudden Block an enger gudder Feldoofwier vum OBDEIJN Florent ze verdanken.

Am 3. Satz huet de CHEV probéiert de Match op seng Säit ze zéihen, trotz guddem Spill vun LAEVAERT, ANGELSBERG an MONSCHAUER , sollt et awer net duergoen an de Satz ass un Stroosen gaang! De CHEV nach ëmmer an Gedanken dass dëse Matche ze gewannen wier huet dunn am falschen Moment Fehler gemach. Durch eng Diskusioun mam Arbiter huet de Passeur Monschauer eng giel Kaart kritt! Deen Satz ass dun och un Stroossen gaang an de CHEV ass an der Semi-Finale vun der Coupe gescheitert!

Mir gratuléieren Stroossen fiir hiren Anzuch an d'Finale vun der Coupe!

VC Strassen - CHEV  3:1 (25:20, 29:31, 25:20, 25:17)

11. Spilldag

1. Heem-Victoire fir de CHEV Dikrech

Een wichtegen Schrëtt a Richtung Play-Off ass mat der Victoire, géint den direkten Konkurrent ëm déi véiert Plaz - dem Volley Bartreng - gemaach ging. D'Equipe vum CHEV huet den éischten Satz ganz konzentréiert ugefang fir mat engem iwerzeegenden Score vun 25:17 oofzeschléissen. Am zweeten Duerchgang huet Dikrecher Equipe duerch vill individuell Fehler stark an de Beräicher Service, Receptioun an Attaque nogeloos, waat Bartreng direkt ausgenotzt huet fir endlech an d'Spill ze fannen an ze weisen datt si vill méi kënnen wéi daat waat si am éischten Satz gewissen hunn. Den zweeten Satz ass mat 18:25 un Bartreng gaang. Och am drëtten Satz huet Bartreng den CHEV weider ënner Drock gesaat sou datt et bäi 16:22 sou ausgesinn huet wéi wann déi Dikrecher Equipe schon all hir Polver verspillt gehaat hätt. An dëser decisiver Phase huet den CHEV-Coach Patrick WAGNER mat AUGUSTIN, JUNGERS an REIFFERS direkt 3 nei an voll-motivéiert Spiller op den Terrain geschéckt. Ënnert dem Impuls vun virun allem Raoul JUNGERS an Flepp AUGUSTIN ass dëse Satz dann schlussendlech no villen spannenden an kampfbetounten Bällwiessel nach zu Goschten vun Dikrech gekippt - 29:27! Nôm extrem spannendem an och iwerraschendem Ausgang vum drëtten Satz huet déi Bartrenger Equipe liicht resignéiert an net méi zu voller Spillstärkt zrëckfond ,waat dem CHEV erlaabt huet ouni gréisser Problemer den Match mat engem 25:19 am leschten Satz oofzeschléissen.
 

 

 

logo osch     logo mayer logo diekirch