Saisonoptakt Hären 2
Amber Lënster - CHEV2 1:3 (7-25/25-18/20-25/19-25)
Mat 100 à l'heure sinn eis Hären 2 an déi nei Saison gestart. Nodeem sie nach 3-0 am 1. Satz hanne woren, hunn sie dunn richteg opgedréint an die Amber Equipe a Grond a Buedem gespillt. Een Block nôm aneren, et huet nëmmen esou "Socketten" gereent. Esou stoung et relativ séier 25-7.
Obwuel hiire Coach se gewarnt huet dat et no engem liichten 1. Satz oft duerno méi schwéier wier, huet eis Equipe sech dat net richteg zu Herz geholl. D'Amber Equipe hat hir Taktik bësschen ëmgestallt an anstatt ze smashen, hunn si et éischter mat Finten probéiert. Well eis Jongen net konsequent an der Défense agéiert hunn ass dunn die spillerisch Linn aus dem 1. Satz total verluer gangen. Chaos a vill Gespréich um Terrain, liicht Feeler, schlecht Relancen...