Juniorinnen an der ¼ Final
CHEV - VC Beckerich 3:0 (25-15/25-22/25-7)
D’Pokalféiwer wor de Freideg owend zu Dikkrech um Rendez-vous. Coach a Spillerinnen haten sech am Virfeld fest virgeholl fir déi 1. Kéier säit langer Zäit mol rem eng Kéier eng Ronn vun enger Jugend-Coupe weider ze kommen, an an ¼ Final anzezéien.
A bee mir kënnen et virwech huelen. Et ass hinne gelongen an enger, ofgesinn vum 2. Satz, iwerzeegender Manéier.
Sie hunn de Match dirket an d'Hand geholl a sech mat gudden Aktiounen schnell mat puer Punkten ofgesat, an deen comfortablen Virsprong am 1. Satz gehaalen. Dat och nach wou Catherine Lipperts säin Début als Passeuse geféiert huet an dat liicht ugeschloent Yascha Wagner ersat huet. Mir gewannen dee Satz relativ einfach mat 25-15.