Skip to main content

CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

Juniorinnen an der ¼ Final

CHEV - VC Beckerich 3:0 (25-15/25-22/25-7)

D’Pokalféiwer wor de Freideg owend zu Dikkrech um Rendez-vous. Coach a Spillerinnen haten sech am Virfeld fest virgeholl fir déi 1. Kéier säit langer Zäit mol rem eng Kéier eng Ronn vun enger Jugend-Coupe weider ze kommen, an an ¼ Final anzezéien.

A bee mir kënnen et virwech huelen.  Et ass hinne gelongen an enger, ofgesinn vum 2. Satz, iwerzeegender Manéier.

Sie hunn de Match dirket an d'Hand geholl a sech mat gudden Aktiounen schnell mat puer Punkten ofgesat, an deen comfortablen Virsprong am 1. Satz gehaalen. Dat och nach wou Catherine Lipperts säin Début als Passeuse geféiert huet an dat liicht ugeschloent Yascha Wagner ersat huet. Mir gewannen dee Satz relativ einfach mat 25-15.

Wat duerno geschitt ass kann am Fong keen esou richteg verstoen, ausser vlait eis Meedercher selwer? Beckerich huet e Krack zougeluecht, a bee mol ware mir wéi vun alle gudde Geeschter verlooss. Obwuel mir mat eiser beschter Equipe erëm an de Satz era gangen woren, ass dunn e beemol näischt méi gangen a mir hunn keen Mëttel fond géint déi Beckerecher Attaquen durch Mëtt. Harmlos an der Attaque, onkonzentréiert an der Défense wore mir mat 8-15 hannen an et huet ee missen färten dat dee Satz géif verluer goen. Mee d'Meedercher hunn sech no enger Auszeit, wou et vum Coach eng kleng Ruge ginn ass, erëm enges Besseren besënnt, a sech Punkt fir Punkt erëm eru gekämpft vir bei 20-20 gleichzezéien. Schlussendlech huet dann awer d’Erfahrung vun eise Jugendnationalspillerinnen Klerf, Laera, Wagner a Lorang Differenz gemach a mir gewannen 25-22.

Et muss se wuel selwer gewurmt hunn dat se den 2. Satz schlecht gespillt haten. Och de Coach huet  hinnen nei Instruktiounen ginn gehat (net méi all Kéier ze blocken mee méi séier an oft an Défense ze goen). A bee et wor am 3. Satz rem e Spigelbild vum 1. Satz. Erliichtert hunn d'Meedercher am 1. Temps-mort vu Beckerech gemengt,  dat déi Seit vum Terrain wuel die Besser wier an dat et elo rëm géif super laafen. Och de Coach wor frou esou dem C. Lipperts a L. Meyers kënnen Spillpraxis ze ginn. Sie konnten fir N. Unsen an J. Van de Berg agewiesselt gin, déi een gudde Match gemach hunn an mat deem engen oder aaneren Service de Punkt direkt verwandelt hunn. Mir schléissen den 3. Satz souverän mat 25-7 of.

Dikkrech steet domat an der ¼ Final wou mer op ee glecklecht Lous hoffen.

Hu gespillt Y. Wagner, R. Klerf, N. Unsen, M. Lorang, J. Van de Berg an L. Wagner. Agewiesselt C. Lipperts an L. Meyers. Eise « Speedy Gonzales » Libero wor L. Laera, wat zwar mat sech selwer net zefridden wor, mee awer a regelméissegen Match op engem konstanten gudde Niveau gespillt huet.

Schmerzlech vermesst an der Equipe gouf M. Van der Zelst, wat sech enger schrecklecher Weisheetszenn-OP huet missen ennerzéien an dese W-e huet musse mam Volley pausen. Hat ass awer ab der nächster Woch erëm, sou wéi mir hatt kennen, mat vollem Asatz nées dobei.  OP ass gudd verlaf. 

Schéin och dat verschidden Elteren, Frendinnen, oder Kollegen de Wee an Hall fond haten fir eis Equipe ze supportéieren.

  • Erstellt am .
logo osch     logo mayer logo diekirch