1. Optrëtt vun eiser neier Juniorinnenéquipe
VC Stengefort - CHEV Diekirch 3:0 (25-19/25-11/25-14)
Et wor den 1. Match fir eis nei Juniorinnenéquipe deen sie den Samschden zu Stengefort gespillt hunn. Vill Spillerinnen stoungen iwerhapt 'réischt fir 2. op engem Terrain an engem offiziellen Championnatsmatch. Esou wor och de Samschden net dat oberst Gebot ze gewannen, mee einfach Spillpraxis opzebauen, d’Positiounen kennenzeléieren.
Abee eis Meedercher hunn hir Saach ganz gut gemach, an hunn virun allem am 1. Satz kenne mathaalen, awer och iwert de ganze Match vereenzelt flott Aktiounen wéi Block oder Attack gewisen.
Gut encadréiert vun deene méi routinéierten Spillerinnnen wéi R. D’Amore (eise Kapitän), M. Van Zelst, N. Unsen, hunn D. Jacobs, A. Schiltges, N. Ferron a J. Schaul een ganz positiven Androck hannerlooss. Iwert 1 Stonn hunn sie Stengefort Paroli gebueden fir dann awer kloer 25-19, 25-11 an 25-14 ze verléieren.
Erwähnt soll op deser Platz och nach ginn dat d' M. Lorang aus der 1. Equipe, nodeem de Samschden 'réischt 6 Meedercher fir de Match ugemellt woren, sech spontan bereet erklärt huet matzefueren, ouni engem aaneren Meedchen seng Platz eweg wëllen ze huelen! Als Belounung fir deen Equipegeescht gouf et dunn an schwierege Phasen deen een oder aaneren Kurzasatz. Merci Marthe!