Saisonoptakt Dammen 2
Esch 2 – Dikkrech 2 3-1 (25-22, 20-25, 25-22, 25-18)
Liicht ersatzgeschwächt ass eis 2. Equipe Dammen op hieren 1. Match vum Championnat op Esch gefuer an hiren ganz neien Uniformen. Eise Kapitän Kirsten Hoejmakers wor leider vun enger Grippe ausser Gefecht gesat, an eis Jugendnationalspillerinnen Rebekka Klerf, Laura Laera an Yascha Wagner woren mat der Nationalequipe ënnerwee op een Tournoi zu Hülsweiler an Daitschland.
Trotzdem sinn mir optimistesch un die Saach eru gangen mat Lorang, Van de Berg, Van Zelst, Unsen, D’Amore, Wagner um Terrain an Ferron op der Ersatzbänk. Et sollt een allerdings séier mierken dat mir net eisen beschten Daach erwescht haaten a mat villen einfachen Feeler den Escher Meedercher d’Liewen zimlech liicht gemach hunn. An enger insgesamt dach serréierter Partie wor die spillentscheedend Situatioun wuel dee Moment wou mir bei 22-22 am 3. Satz eisen Service knapp an d’Netz gesat hunn, während die Escher bei hirem Opschlag een onerreechbaren Netzroller konnten verbuchen. Mir verléieren deen 3. Satz dorops hinn mat 25-22.
Duerno ass den spilleresche Fudem total verluer gangen, esou dat de Coach dovun profiteiert huet, dem Nadine Ferron och bësschen Spillpraxis ze ginn an hat eran ze huelen vir Marloes Van Zelst. Esch gewënnt dann dee 4. Satz verdingt mat 25-18.
Alles an allem eng duerchwuessen 1. Partie vun eis an een zoutreffeden Fazit vun Escher Coach nom Match : « Ech mengen die Dikkrecher Meedercher haaten hir nei Trikot’en nach net ganz richteg agespillt ».
Nächst Woch geet et géint Fenteng 2 an do hoffe mir mat enger kompletter Equipe besser ofzeschneiden.