2. Spilldag / Hären 2
CHEV2 - VB Echternach 3-1 (23-25/25-21/28-26/25-20)
Nodeems eis 1. Equipe den VC Lorentzweiler mat engem 3-0 erem heemgeschéckt huet, wor et dunn un eiser 2. Equipe fir ze weisen dat si och géint déi méi stark Equipe aus Iechternach kënne bestoen.
Nodeems eis Jongen relativ onkonzentréiert an de Match goungen (et wossten erëm verschidden Leit net wou se géife stoen) sinn mer séier esou wäit hanne komm dat et net méi méiglech wor deen Satz ze retten, deen zwar denkbar knapp, mee trotzdem verdingt verluer gangen ass. (23-25)
Am 2 . Satz huet de CHEV dunn réagéiert an ënnert dem Impuls vun Augustin an Obdeijn zu sengem Spill font. Och de Max Mayer konnt zu deem Zäitpunkt mat engem sëcheren Receptiounsspill gefaalen. Resultat dovunn wor dat de Max Majerus sämtlech Attaquants konnt besser an Szene setzen , a mir gewannen deen 2. Set mat 25-21.
Am 3. Satz hunn sech dunn erëm déi einfach Feeler aus dem 1. Satz gewisen. Agewiesselt ginn wor den Pit Kaspar aplatz vum Florent Obdeijn. Allerdings wor et net dem Pit seng Schold dat d’Equipe schnell mat 9 Punkten hannen wor, esou dat de Coach mat engem Duebelwiessel probéiert huet de Spiees nach ëmzedréinen. Wagner fir Mayer an Obdeijn fir Meyers. Lues a lues huet de CHEV sech erëm erugekämpft an hat dunn souguer 2 Satzbäll déi mer awer liichtfankech verginn hunn. Mat besse Gléck gewannen mir dann awer dee spannenden Satz mat 28-26.
Duerno ass et dunn rem besser gelaaf an Dikkrech huet mat der Formatioun Wiesenbach, Meyers, Augustin, Majerus, Mayer, Kaspar, den Match heemgeschaukelt. Zum Schluss konnten och nach den Laurent Bourg an de Bob Angelsberg agewiesselt ginn. Deen Leschtgenannten huet et sech et net huele gelooss eisen 1. Matchball äiskaal ze verwandelen. (25-20)
- Erstellt am .