Skip to main content

CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

Saisonoptakt Hären 2

Amber Lënster - CHEV2  1:3 (7-25/25-18/20-25/19-25)

Mat 100 à l'heure sinn eis Hären 2 an déi nei Saison gestart. Nodeem sie nach 3-0 am 1. Satz hanne woren, hunn sie dunn richteg opgedréint an die Amber Equipe a Grond a Buedem gespillt. Een Block nôm aneren, et huet nëmmen esou "Socketten" gereent. Esou stoung et relativ séier 25-7.
Obwuel hiire Coach se gewarnt huet dat et no engem liichten 1. Satz oft duerno méi schwéier wier, huet eis Equipe sech dat net richteg zu Herz geholl.  D'Amber Equipe hat hir Taktik bësschen ëmgestallt an anstatt ze smashen, hunn si et éischter mat Finten probéiert. Well eis Jongen net konsequent an der Défense agéiert hunn ass dunn die spillerisch Linn aus dem 1. Satz total verluer gangen. Chaos a vill Gespréich um Terrain, liicht Feeler, schlecht Relancen...

woren ausschlaggebend dat dee Satz mat 25-18 verluer gangen ass.
Gott sei Dank hunn sie sech dunn am 3. Satz erëm gefangen. An enger insgesamt méi ausgeglachener Partie, haate sie dunn ëmmer rëm zum Schluss Nues fir, an hunn de Sack zougemach. 25-20 an 25-19 woren de Satz 3 an 4 dunn fir de CHEV.

Fir Dikkrech spillen Majerus, Mayer, Gilberts (Kapitän), Meyers, Wiesenbach, Obdeijn esou wéi Kaspar an Bourg. Reservist an Coach Wagner.

Spillerkritiken :

Majerus : gudd a prezis Spillverdeelung ; et mierkt een dat heen am kommen ass an den Challenge fir eng Plaatz an der 1. Equipe ugeholl huet
Mayer: heinsdo bësschen durcherneen um Terrain huet heen zum Schluss dach e kloere Kapp gehat an am Satz 4. beim Stand vun 16-15 mat 6 gudden Servicer hannereneen d'Weichen op Sieg gestallt
Wiesenbach : exzellent am Block , heen wor kloer den Mister Sockette, nach Ofstrëcher hannen am Terrain
Meyers : solide Leeschtung op der Diagonaler mat puer flotten Attacken; huet nach u sengem Service ze feilen
Obdeijn : konstant an der Receptioun huet heen am leschte Satz Attaque vum Match vum Stapel geloss, sollt nach weider drun schaffen säin Kapp freizekréien an Nervositéit an de Grëff
Gilberts: gudd Lesschtung vum Käpten deen mat sengen 32 Joer den Fels an der Brandung vun der jonker Equipe ass
Kaspar: huet sech bei sengen Awiesselungen ëmmer nahtlos an d'Equipe intégréiert, ganz gudd a wichteg Receptioun zum Schluss vum Match
Bourg : spillt méi onopfälleg mee efficace, esou Spiller brauch eng Equipe
Wagner : ouni Feeler well de ganze Match op der Bänk

Weider esou Jongen!!

  • Erstellt am .
logo osch     logo mayer logo diekirch