Coupe de Luxembourg
An der Hallef-Finale vun der Coupe de Luxembourg huet de CHEV Diekirch missen op Stroossen fueren.
De CHEV ass mat enger gudder Motivatioun an dëse Match 'ran gaang an huet ouni Drock opgespillt. Mat enger gudder Performance vum LAEVAERT Tim hunn mir dësen Satz dach awer leider missten un Stroossen ofginn. Mat engem dach relatif enken Score zum Schluss vum éischten Satz huet de CHEV net opginn an mat der selweschter Motivatioun weidergepillt wei am éischten Satz sou soll dësen Satz och un de CHEV goen mat engem Score vun 29-31. Dest hunn mer engem gudden Block an enger gudder Feldoofwier vum OBDEIJN Florent ze verdanken.
Am 3. Satz huet de CHEV probéiert de Match op seng Säit ze zéihen, trotz guddem Spill vun LAEVAERT, ANGELSBERG an MONSCHAUER , sollt et awer net duergoen an de Satz ass un Stroosen gaang! De CHEV nach ëmmer an Gedanken dass dëse Matche ze gewannen wier huet dunn am falschen Moment Fehler gemach. Durch eng Diskusioun mam Arbiter huet de Passeur Monschauer eng giel Kaart kritt! Deen Satz ass dun och un Stroossen gaang an de CHEV ass an der Semi-Finale vun der Coupe gescheitert!
Mir gratuléieren Stroossen fiir hiren Anzuch an d'Finale vun der Coupe!
VC Strassen - CHEV 3:1 (25:20, 29:31, 25:20, 25:17)