Skip to main content

CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

1. Spilldag: V80 Pétange - CHEV Diekirch

"Paukenschlag" um éischten Spilldag

Um éischten Spilldag vun der Hinronn vum Championnat kruut den CHEV Dikkrech et direkt mam amtéirenden Champion, dem V80 Péiténg ze din. Am Firausser as an den Medien eng interessant Partie ugekënnegt gin. Interessant an firun allem spannend sollt et dann och zu Rodange gin.

Déterminéiert an sech hieren Stärkten bewosst, as den CHEV an dës Partie gangen. Dikkrech haat näicht ze verléieren, den Drock war op Péiténger Säit an sou hun sie sech suwuel um, wéi och nieft dem Terrain och présentéiert. Fréi am éischten Satz war den Spiller an den Supporter op der Tribün bewosst datt dëst en héichkarätegen an spannenden Match géif gin.

Suwuel Péiténg wéi och Dikkrech hun op quasi dem selwechten Niveau gespillt an hun flott Punkten konnten erausspillen, sou datt bei engem enken Score vun 27-25 fir d’éischten Kéier d’Säiten gewiesselt goufen.

D’Equipe em den Gunnar Monschauer huet desen Verloscht net irritéiert. Sie huet en gudd verkraft an huet den Péiténger am 2. Satz weider den Bass gehaalen. Den Andy Koenig, deen keen gudden Dag erwëscht haat, gouf duerch den Philippe Augustin ersaat. Dësen Wiessel huet dem Dikkrecher Spill méi Rou zoukommen geloss an et as dem CHEV, firun allem duerch dem Leszek “Katze“ Kurowski séng “Durchschlagskraft“, gegléckt, dësen zweeten Satz mat Heem ze huelen.

Am 3. Satz gouf et direkt eng Schrecksekonn fir d’Spiller an d’Supporter vun Dikkrech. Den Passeur Monschauer war onglécklecherweis op dem Tim Laevaert säin Fouss getrëppelt an ëmgeknéckst. En huet awer Kämpferhaerz bewisen; huet op d’Zänn gebass an duerchgespillt.

Et as den Dikkrecher den ganzen Match iwwer net gegléckt den Rumäneschen Péiténger Spiller mat der Nummer 19, Nicolae Ghinoea, ze blocken. Hien huet ëmmer nees d’Lach am Dikkrecher Block fonnt an huet dozou bäigedroen dass séng Equipe mat 2-1 an den Sätz an Féierung gangen as.

Zu dësem Moment huet et an der Receptioun net méi esou gudd geklappt, den Block huet weiderhin net konnten zouschloen. Et war den Leszek Kurowski deen ëmmer nees vum Gunnar Monschauer gesicht an och fonnt gouf. Dëst huet et den Spiller vum CHEV erméiglecht weider am Match ze bleiwen. Een 24-21 Fiirsprong konnt Péiténg net notzen. En staarkt Opschlagspill vum Kapitän Tim Laevaert huet Dikkrech nees runbruecht. Sie hun sech net beirren geloss an hun dësen Satz mat engem “Kraftakt“ 25-27 gewonnen. Voller Zouversiicht as et an den Tie-Break gangen…

Schnell loung Dikkrech awer mat 3-0 am Hannertreffen an dat schlemmst gouf well gefaart. Symptomatësch fir dësen Match war et awer, datt Dikkrech och hei nees erunkoum. Schlussendlech war et eng gudd Equipenleeschtung déi am Tie-Break vun Défensen vun Wagner an Monschauer, engem Block vun Hoffmann an Punkten vun Angelsberg an Kurowski  gekréint gouf. “Am Ende kackt die Ente“, dat huet sëch wuel Kapitän Laevaert gesoot, deen duerch 3 Punkten hannerteneen den Dikkrecher Succès besiegelt huet.

Score: 2-3 (27-25, 21-25, 25-19, 25-27, 13-15)

Opstellung: Kurowski, Monschauer, Laevaert, Koenig (Augustin), Angelsberg, Hoffmann.

 

Libero: Wagner

Auswiesselspiller: Majerus, Gilberts, Reiffers, Weber.

 

Sou kann et weider goen… CHEV-Direkt gratuléiert an dréckt och d’Daumen fir den Match géint den VC Stroossen, den aktuellen Coupe-Gewënner. (Sonnden, 4. Oktober 20h15 @ Hall Omnisports Diekirch)

logo osch     logo mayer logo diekirch