CHEV goes Coupe Final 4
Salut dir Chev'innen an Chev'en, kommt an ënnerstëtzt eis,
d'Hären spillen
d'Hallef-Final vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg
géint den VC Stroossen den Freideg, 07. Februar 2014
um 18h30 um Belair (Hall Omnisports).
d'Minimes spillen
d'Final vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg
géint den Volley Bartréng den Sonndeg, 09. Februar 2014
um 10h00 um Belair (Hall Omnisports).
De Comité hofft a mëcht een Opruf dat esou vill wéi méiglech vun eisen Mêmberen a Supporteren deen Owend resp. Moien do sinn fir eis Equipen mat vill "Remmi Demmi " moralesch ze ënnerstëtzen.
Eis Farwen sinn blo-giel. All Klibber, Kachdëppen, Instrument ass wellkomm:-).
Zu dem Ulass firt eng Gratis Navette.
Départ Freideg um 17h00 an Sonndeg um 08h30 zu Ettelbréck bei den Deichhallen.
W.e.g. är Platz séier per mail réservéieren op backmart(ät)pt.lu.
Allez CHEV !!!
Fir de Comité,
Patrick Wagner
de genauen Spillplang vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg ass:
Hallef-Final Hären (Hall Omnisports Belair) | ||||
Freideg, 07. Februar 2014 um 18:30 / VC Strassen - CHEV DIEKIRCH | ||||
Freideg, 07. Februar 2014 um 20:30 / VC Lorentzweiler - VC Bonnevoie | ||||
Finales | ||||
Samsdeg, 08. Februar 2014 um 17:30 / Final Dammen | ||||
Samsdeg, 08. Februar 2014 um 19:30 / Final Hären | ||||
Finales des Jeunes (Minimes) | ||||
Sonndeg, 09. Februar 2014 um 10:00 / CHEV DIEKIRCH - Volley Bartréng |