Skip to main content

CHEV DIEKIRCH - VOLLEYBALL

2. Plaatz um SparkassenCup zu Quierschied

Samsdes (05. Sept. 2009)

Ais 1. Hären Equipe huet sech leschte Weekend gutt aus der Affaire gezun mat schlussendlech enger zweeter Plaatz ënnert 16 Equipen.

vun Ufank un: An eiser Poule wou mir nieft dem 2. Bundesiga Equipe vun Mendig, (dem Gunnar Monschauer an dem Leszek Kurowski seng Ex-Equipe) gespillt hunn, kruten mir et och nach mat dem TV Bliesen ze din an der zweeter Equipe vum Klarenthal. Den éischte Match géint Mendig war nach éischter duerchwues an goung verdéngt un eis däitsch Noperen. Sie hunn einfach manner Fehler gemaach an hunn nach méi secher geschéngt.

Mee den Trend sollt ëmmer weider no uewen goen. Sou konnten d'Dikrecher Volleyballer sech an hirem zweeten Match kloer géint den TV Klarenthal duerchsetzen. Konzentréiert goufen déi zwee Sätz géint deen méi schwachen Géigner duerchgezunn. Den drëtten Poulematch sollt bis dato den wichtegsten ginn. TV Bliesen, Granaten am Anschloen, konnten hier Attacken géint den CHEV Dikrech net méi sou duerchbrengen. Duerch staark Opschléi, ee konzentréierten Block an een gudden Side-Out hun eis Jongen si nie zu hirem Spill komme gelooss.

Als Zweeten an der Poule goung et dunn géint VC Lahnstein (Oberliga) den éischten aus enger aner Poule. Gespillt gouf hei an der Glück-Auf Halle, déi hirem Numm sollt gerecht bleiwen. 15-13 an 15-11 gewannen d'Dikrecher Jongen och dëse Match an stinn fir Sonndes an der Halleffinal. Dat war awer an deem Moment jidderengem egal well eng grouss Players-Party op sie gewaart huet. Sou huet den éischten Béier net laang op sech waarden gelooss an déi drëtt Halschent gouf ungefangen. Als läscht goufen si mam Shuttle-Bus dohinner bruecht an als läscht sinn si dunn och rëm gaangen... (anscheinend)

Sonndes (06. Sept. 2009)

Schlecht geschloof, Kappwéi an nach guer keng Loscht op Volleyball stoungen si dunn um 9 Auer op. Nodeems si ee kleng Stéck Brout mat Aspirin zou sech geholl hun, goung et deenen meeschten schon besser. Den éischten Match, d'Halleffinal gouf ouni den Leszek Kurowski gespillt, deem säin Knéi nach net ganz an der Réi ass an och den Spillertrainer huet iwerraschenderweis dem Max Majerus an der Pass Méiglegchkeet ginn sech ze beweisen. Des Chance huet sech den jonken Dac... ech mengen Dikrecher net huelen geloss an spillt sech mat der Equipe an d'Final.

Hei sollt et d'Revanche ginn géint Mendig dei sech géint den VC Stroossen an der aner Halleffinal duerchgesaat haaten. Mee ze onkonzentréiert an mat der fehlender Astellung konnt een näischt géint si ausriichten. Sou gratuléieren mir den Mendiger fir hir éischten Plaatz an sinn awer och gleichzeiteg stolz op eis Dikrecher Equipe déi et bis an d'Final gepackt huet.

Ofschleissend weilt ech dann nach een Zitat soen vun der Präisiwerreeschung déi den Tim Laevaert, Kapitän vun der Dikrecher Equipe an den Dan Reiffers sichen gaangen sin. "Dieses Gesicht (gemengt ass den Här Reiffers) kenne ich noch von der Party gestern. Er hat als Letzter die Party gestern verlassen." Sou konnten sech CHEV Läit ënnert dem Applaus vun den Spiller verabschieden an freeën sech schon op d'Editioun 2010. 

logo osch     logo mayer logo diekirch