
Den 4. ING Nordstadbeach steet virun der Dir. Op zwee Weekender verdeelt ginn direkt 3 Tournoien op Dikrech Plage ugebueden.
Datumer sinn folgend: ·
-
Samsdeg, 07. Juli: 4x4 Loisirs Beachvolleyball
-
Samsdeg, 14. Juli: Beachvölkerball (Owes as aal Dikrech)
-
Sonndeg, 15. Juli: 4x4 Loisirs Beachvolleyball (Owes as aal Dikrech)
Beach XXL: Op 4 Beachterrain’en steet de Spass op éischter Plaz. Samsdes (07. an 15. Juli) kann all Beachvolleyball-Interesséierten säin Kënnen ënner Beweis stellen. Sonndes, den 14. Juli ass Beachvölkerball, den neien Kultsport zu Dikrech, um Programm. No deenen aalbekannten Völkerballsreegelen kënnen Equipen hir Treffsëcherheet ausprobéieren. Equipen vun 6-10 Lait kämpfen hei ëm den Titel.
Weiterlesen: Beach-News 2012

d'PHOTOEN vun Beachvolleyball (09. Juli) a vum Beachvölkerball-Tournoi (10. Juli) sinn online... hei klicken !
NEI : lo och d'Photoën vum 16. Juli online !

Den 3. ING Nordstadbeach steet virun der Dir. Op zwee Weekender verdeelt ginn direkt 3 Tournoien op Dikrech Plage ugebueden.
Datumer sinn folgend: ·
-
Samsdeg, 09. Juli: 4x4 Loisirs Beachvolleyball (Owes as aal Dikrech)
-
Sonndeg, 10. Juli: Beachvölkerball (Owes as aal Dikrech)
-
Samsdeg, 16. Juli: 4x4 Loisirs Beachvolleyball
Beach XXL: Op 4 Beachterrain’en steet de Spass op éischter Plaz. Samsdes (09. an 16. Juli) kann all Beachvolleyball-Interesséierten säin Kënnen ënner Beweis stellen. Sonndes, den 10. Juli ass Beachvölkerball, den neien Kultsport zu Dikrech, um Programm. No deenen aalbekannten Völkerballsreegelen kënnen Equipen hir Treffsëcherheet ausprobéieren. Equipen vun 6-10 Lait kämpfen hei ëm den Titel.
Weiterlesen: Beach-News 2011
Iwerweisungen
Et sin nach genuch Equipen dei net bezuelt hun... Dat misst haut oder speistens muer nogeholl gin!
Start
Start vum Tournoi ass um 11 Auer, dofir dann och pünktlech an vollstänneg fir 11 Auer um Site vun Dikrech Plage sin!
Schwemm
Fir an Schwemm kennen ze goen muss een eng enk Schwammbox undoen, keen Schwammshort (well soss zevill Sand mat an Schwemm geet)! also Knacki net vergiessen ;)
Umeldungen
Lues a lues fëllen sech déi verschidden Tournoi'en! Mir géifen dann och gären d'Equipen bieden déi sech schon ungemellt hunn an nach net bezuelt hunn, dëst sou séier wéi méiglech ze machen. Fir de Rescht bléiwen nach an all den Tournoi'en Plaazen fräi also macht iech nach séier bäi an mellt ech hei iwert den Site un fir am Beachvolleyball oder Beachvölkerball nach matzespillen!!
Tour de France
Natirlech gëtt och während deenen zwee Weekender den TDF live iwert Beamer iwerdroen... sou dat keng Minutt verpasst gett vun den Schleck-Bridder!
Défilé ofgesot vun Loulou
Leider kruuten mir haut Noricht dat et leider keen Défilé vun der Lingerie Loulou gëtt. Trotzdem hoffen mir dat genuch Lait mat Bikini an Schwammbox op den ING-Beach 2010 kommen, dat niewt dem sportlechen och eppes fir d'Aan dobai ass...
Iwerweisungen
Bei verschiddenen Iwerweisungen goufen et Probleemer mat dem Betrag vun den Suen, dofir wollt ech nach eemol den Prinzip hei erklären dat jidfereen Bescheed wees wéivill déi verschidden Aktiviteiten kaschten.
Kaution ass schon an deenen genannten Präisser matdran. Dat heescht:
4x4 Beachvolleyball an den Völkerball kaschten 50 € (40 € + 10€ Kautioun)
2x2 Beachvolleyball kascht 30 € (20€ + 10€ Kautioun)
Kautioun vun 10€ kritt dir als Gedrenks- an Iessbongen zreck! Fir déi Lait déi lo schon aus Versehen fir den Beach 4x4 60€ iwerwisen hunn, kréien natirlech 20€ zreck!
c.u on the beach

Den 2. ING Nordstadbeach steet virun der Diir. Op zwee Weekender verdeelt gin direkt 4 Tournoien op Dikrech Plage ungebueden.
Terminer sin folgend: ·
- 17. Juli: 4x4 Loisirs Beachvolleyball LINK
- 18. Juli: Beachvölkerball LINK
- 24. Juli: 4x4 Loisirs Beachvolleyball LINK
- 25. Juli: 2x2 an den Kategorie Männer, Damen an Mixte LINK
Beach XXL: Op 4 Beachterrain’en steet den Spass op eischter Plaz. Samsdes (17. an 24. Juli) kann all Beachvolleyball interesseierten sein Kennen enner Beweis stellen. Sonndes den 25. Juli ass dann fir Volleyballer dei et mei professionell wellen spillen. Sonndes den 18. Juli ass Beachvölkerball den neien Kultsport zu Dikrech. No deenen aalbekannten Völkerballsreegelen kennen Equipen hier Treffsecherheet enner Beweis stellen. Equipen vun 6-10 Lait kämpfen hei em den Titel.
Fir sech unzemellen klickt einfach op den den Dag fir dei dir iech entscheed, do gidd dir dann weidergeleed op den Unmellungsformulär. Präisser mat der Kontosnummer stin do och dabei. Kautioun kritt dir anhand vun Bongen zreck.
Start ass bei allen Eventer um 11 Auer. Schwemm ass natirlech och rem fir jidfereen zougänglech. (Knacki (enk Schwammbox) muss awer do ungedoen gin). Fir Gedrenks ass natirlech och gesuergt. Béier, Soft Drinks, Waasser,... mee natirlech och Sangria, Caipi,... gin ausgeschott! Mat Iessen vum Grill mee och enger leckerer Bifana kann een sech dann wieder stärken. Fir extra Entertainment ass och gesuergt. Do kommen genau Informatiounen nach no. Mee eng Modeschau ass och dobai! Ais perseinlech "Modeschau" gett natirlech och rem organiseiert. Sou kennt et Samsdes rem zweemol zu enger Miss an Mister Beach Wahl.
Bei Froen kennt dir eis gaeren schreiwen ennert Kontakt (Op HOME klicken, lenks bei INTERACTIV)
Mir freen ais op iech
C.U. ON THE BEACH!! :)
PS: macht iech erbei, Plazen sin limiteiert! Unmellung ass reicht accordeiert no der Iwerweisung!
|
Moien Alleguerten,
Hei eng kleng Info tëschenduerch.
Onsen BEACH-TOURNOI fënnd dëst Joer op 2 WEEKENDER statt.
Daat sinn déi folgend :
17 Juli: 4x4 Loisirs
18 Juli: Beachvölkerball
24 Juli: 4x4 Loisirs
25 Juli: 2x2 Männer 2x2 Damen 2x2 mixte |
 |
wéi ëmmer op der DIEKIRCH-PLAGE! D'Formularer fir d'Umellung kommen geschwënn Online.
Freiwellëger fir ze hellëfen bäi dësem Event sinn gäeren wëllkomm, si kënnen sech mellen iwwert eisen Internetsite an zwar iwwert den Link KONTAKT.